Viru bal engem Mount war déi 18 Joer jonk Vëlosfuererin op der WM zu Zürich déidlech accidentéiert. Matten an der Stad gëtt nach ëmmer u si geduecht.

Et ass e Schicksal, dat vill Leit beweegt huet an nach bis haut beweegt. Bei der WM am Cyclissem am eegene Land huet en Nowuesstalent säi Liewe gelooss.

De 26. September war déi 18 Joer jonk Schwäizerin Muriel Furrer un den Depart vun der U19-Course gaangen. Bei schwierege Bedingunge koum si dobäi an enger Descente bei Küsnacht vun der Strooss of an huet sech ganz uerg um Kapp blesséiert.

Eréischt e gudde Strapp dono ass déi jonk Coureuse fonnt a mam Rettungshelikopter an d'Spidol geflu ginn, an engem kriteschen Zoustand. Den Dag drop koum dunn déi traureg Nouvelle, datt d'Muriel Furrer net méi konnt gerett ginn.

Net nëmmen an der Welt vum Cyclissem hat deen trageschen Accident vill Emotiounen ausgeléist. Do derbäikoum, datt déi déidlech Chute just eng 10 Kilometer vun do geschitt ass, wou d'Nowuesshoffnung gewunnt huet ...

Och déi Lëtzebuerger Vëlossportfederatioun, déi mat enger Partie Coureuren op der WM vertruede war, hat deemols ëffentlech kondoléiert.

Zu Zürich gëtt bis haut un d'Muriel Furrer erënnert: Matten an der Stad, bei engem décke Bam um Bord vun der Limmat, net wäit ewech vum Séi stinn – nieft Fotoe vun der Sportlerin – Käerzen, Blummen, Souveniren. E puer Schwäizer Fändelen hänken um Stamm an och e Vëlostricot ... an dernieft och e rout-wäiss-bloe Schal, op deem "Lëtzebuerg" steet.

Bis haut ass iwweregens net genee gewosst, wéi et zum Accident komm ass. Kritik war och opkomm, well vill et laang gedauert hätt, bis medezinesch Hëllef op der Plaz war – obwuel de Vëlo mat engem Transponder ekipéiert war, sou datt een déi jonk Fra séier hätt misse fannen.

Fir deene Spekulatiounen op de Fong ze goen, hate Police a Parquet eng Enquête opgemaach. Offiziell Resultater sinn nach net bekannt.