Leschte Sonndeg beim internationale Cross zu Conter stoung d'Marie Schreiber entspaant um Depart vum Cross, dee si vun Ufank bis Enn sollt dominéieren.

A bis elo 4 Crossen, déi si an der neier Saison gefuer ass, stinn no Conter dräi Victoiren an eng ganz staark 2. Plaz an Holland am Palmarès. Besonnesch beim Cross an Holland huet si hir momentan gutt Form opblëtze gelooss a sech hannert der fréierer Weltmeeschterin Lucinda Brand, awer virun där aktueller, dem Fem van Empel, op der 2. Plaz klasséiert.

Brand a van Empel gehéieren zu der Elite-Kategorie. E Sonndeg fiert d'Marie Schreiber géint hir Alterskolleeginnen aus der Espoir-Kategorie an huet sécher gutt Chancen op eng Top-Plaz, bleift awer, wat hir Ambitiounen ugeet, ganz diskret. Zu Pontevedra a Galizien kann ee sech en dréchenen a séiere Parcours erwaarden. D'Konkurrenz fir d'Marie Schreiber kënnt aus deene bekannte Cyclocross-Natiounen.

D'lescht Joer gouf et zu Pontchâteau d'Sëlwermedail fir d'Lëtzebuerger Championne. D'Gewënnerin vun 2023 Zoe Bäckstedt ass net um Depart, d'Plazen 2 an 3 mat der Tschechin Zemanova an der Hollännerin Bentveld dierfte mat där eng oder anerer Franséisin ëm d'Podiumsplaze matfueren. E Sonndeg um 11 Auer ass den Depart vun der Course. Op RTL.lu am Stream si mir live fir Iech vun 10.55 Auer u fir Iech dobäi.