Mam Viki Gomez war ee Lëtzebuerger Resident mat um Depart vun den Flatland Europameeschterschaften an de Rotonden. Eng Première fir de BMX zu Lëtzebuerg.

E Samschdeg hunn d’Flatland Europameeschterschaften hire Wee ob Lëtzebuerg fonnt. Eng Sportaart, déi ganz besonnesch ass. Am Géigesat zum traditionelle BMX Freestyle, wou een iwwert Schanzen a Rails spréngt, ass de Flatland eng Konschtaart, déi wei den Numm et scho seet, um "Flat", also um Buedem ausgefouert gëtt. Mam Viki Gomez kruten déi ronn 250 Spectateuren an de Rotondë souguer eng Show vun engem Lëtzebuerger Resident gebueden, deen och e groussen Deel vun der Organisatioun iwwerholl huet.  
Bei den Damme sinn direkt 4 Konkurrentinnen an de Finalle gestart. Fir een enke Battle hu sech Seigneur Jeanne aus Frankräich an d’Anna Mondics aus Ungarn gesuergt. Um Enn huet sech d’Athletin aus Ungarn duerchgesat. Medaile si vum Sportminister George Mischo iwwerreecht ginn.
 
Bei den Häre waren all d'Aen op de Viki Gomez geriicht. De Lëtzebuerger Resident ass och direkt gutt an e staarke Laf gestart. Mat 86,66 Punkte konnt de Spuenier sech ob déi éischte Plaz schéissen. De leschte Starter war de Matthias Dandois aus Frankräich. Den Athlet war Feelerfräi a gewënnt den Titel am Flatland mat 91 Punkten.
 
Viki Gomez:
"Ech wollt meng beschten Tricker weisen. Lëtzebuerg ass meng Heemescht, sou wollt ech jidderengem meng beschten Tricker weisen. Ech hu just ee Feeler gemaach, de Rescht ass alles gutt gelaf. Ech sinn immens frou."
 
Domadder gëtt de Viki Gomez zweeten hannert engem staarke Matthias Dandois. De Podium komplettéiert de Julien Baran aus Frankräich.