Marie Schreiber wëll probéieren, nach den U23-Weltcup ze gewannen
Och wann dat alles anescht wéi einfach dierft ginn, sou d'Lëtzebuergerin am Virfeld vun den zwou leschte Weltcup-Coursse vun der Saison.
Den 21. Dezember d'lescht Joer hat d'Marie Schreiber zu Hulst an Holland Lëtzebuerger Cyclocross-Geschicht geschriwwen. No enger Course, déi si vun Ufank bis un d'Enn dominéiert hat, konnt si e Cyclocross-Weltcup gewannen a sech sou definitiv an der Weltspëtzt etabléieren. Dono huet eng Krankheet si awer fir eng Zäit vun de Podiumsplazen ewech gehalen. Zanter leschtem Weekend an der 3. Plaz beim Weltcup zu Benidorm a Spuenien ass si nees op engem excellenten Niveau.
Maasmeechelen an der Belsch an Hoogerheide an Holland sinn dëse Weekend zwou wichteg Coursse fir eventuell nees Leaderin vum Weltcup bei den Espoir- Dammen ze ginn. Dat huet si sech och als Haaptzil gesat, ma et dierft net einfach ginn, de Weltcup bei den Espoir-Dammen nach ze gewannen. Virun de leschten zwou Coursse läit d'Zoe Backstedt sechs Punkte virun der Lëtzebuergerin.
Beim Weltcup vun den Dammen zu Hoogerheide e Sonndeg ass RTL fir eng éischte Kéier live fir Iech mat dobäi. D'Course gëtt vun 13.35 Auer u bei eis um 1. RTL an am Stream op RTL.lu live iwwerdroen. De Commentaire kënnt vum Rich Simon an der fréier Profi-Vëlosfuererin Christine Majerus.