Bei der Course am hollänneschen Hulst ass d'Lëtzebuergerin eng iwwerzeegend Course gefuer an huet hir Konkurrentinnen vun Ufank un hannert sech gelooss.

D'Course zu Hulst war déi 4. Manche vum Weltcup an d'Marie Schreiber konnt do hir éischt Victoire an enger Weltcup-Course iwwerhaapt realiséieren. Dat hat bis elo nach ni eng Lëtzebuergerin gepackt. Et war hir insgesamt véiert Victoire an dësem Wanter.

D'Marie Schreiber am Interview no der Course
D'Lëtzebuergerin hat sech "vun Ufank u gutt gespiert" a kann hir Victoire nach net richteg faassen.

D'Lëtzebuergerin war vum Start ewech eng exzellent Course gefuer an huet hir Konkurrentinne séier hannert sech gelooss. Am éischten Tour ass si déi séierst Zäit (8'37'') gefuer a konnt dës Vitess och am zweeten Tour halen (8'40''), woumat si sech eng komfortabel Avance erausfuere konnt. Duerno sinn d'Bee méi schwéier ginn an d'21 Joer al Lëtzebuergerin huet ass nach Zäiten ëm 9 Minutte gefuer.

Dat goung awer duer, fir hir komfortabel Avance, déi ëmmer tëscht 15 a 24 Sekonne gependelt ass, op d'Lucinda Brand an d'Puck Pieterse bis zum Schluss ze halen. Béid Hollännerinnen hu sech ëm déi zweet Plaz gestridden, mam besseren Enn fir d'Brand (+ 20').

D'Marie Schreiber op der Arrivée

Mam Maïté a Layla Barthels waren nach zwou Lëtzebuergerinne bei den Dammen um Depart. D'Maïté Barthels steet als 62. am Schlussklassement, huet awer am 5. Tour opginn, hir Schwëster Layla (74.) war een Tour éischter aus der Course gaangen.

Reaktiounen op de Succès vum Marie Schreiber

Interview mam Pierre Schreiber
De Papp vum Marie Schreiber schwätzt vun engem historeschen Dag fir de Lëtzebuerger Vëlosport.
Interview mam Eric Gleis
De Mechaniker vum Marie Schreiber iwwer d'technesch Gegeebenheete vum Parcours.
Highlights vun der Marie Schreiber hirer Victoire zu Hulst
D'Schreiber konnt hir éischt Victoire an engem Weltcup feieren. Et war gläichzäiteg och déi éischt Victoire vun enger Lëtzebuergerin.

Weider Resultater

No den Damme waren nach d'Hären un den Depart gaangen, wou de Niels Vandeputte déi séierst Been hat. De Belsch ass no 57'55'' als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer an huet de Spuenier Felipe Orts Lloret (+ 9'') an de Pim Ronhaar (+ 20'') hannert sech gelooss.

Bei den U23 war de Rick Meylender den eenzege Lëtzebuerger um Depart. Am Schlussklassement gëtt hien als 49. opgelëscht. D'Course gouf vum Tibor Del Gross aus Holland gewonnen.

An der Kategorie vun de Junioren ware mam Lennox Papi, dem Jonah Flammang-Lies an dem Lenn Schmitz dräi Lëtzebuerger matgefuer. De Papi huet sech als beschte Lëtzebuerger op der 45. Plaz mat engem Retard vu 5'34'' op de belsche Gewënner Giel Lejeune klasséiert. De Flammang-Lies ass als 70. (+ 7:30) iwwer d'Arrivée gefuer an de Schmitz gouf 73.

Dëse Weekend steet fir d'Cyclocross-Fuerer en Doubleheader um Programm. E Sonndeg scho geet et mam Weltcup zu Zonhoven an der Belsch weider.

Klassement vun den Dammen

1 SCHREIBER Marie 53:45
2 BRAND Lucinda 0:20
3 PIETERSE Puck 0:28
4 WORST Annemarie 0:40
5 VAN DER HEIJDEN Inge 0:52
6 BENTVELD Leonie 1:04
7 BACKSTEDT Zoe 1:29
8 ALVARADO Ceylin Del Carmen 1:53
9 VAS Blanka Kata 2:10
10 BAKKER Manon 2:25

Klassement vun den Hären

1 VANDEPUTTE Niels 57:55
2 ORTS LLORET Felipe 0:09
3 RONHAAR Pim 0:20
4 ISERBYT Eli 0:36
5 MASON Cameron 0:58