Am Tour duerch den Oman war um Méindeg déi drëtt Etapp. Et goung iwwer 180 hiwweleg Kilometer, mat enger Schlussmontée vu knapp 5 Kilometer.

Gewonnen huet de Fransous David Gaudu, deen och neie Leader am General ass. De Michel Ries gouf den 33ten op 1 Minutt a 25 Sekonnen. De Luc Wirtgen huet opginn.

Am Generalklassement huet de Gaudu elo 6 Sekonne Virsprong op den Adam Yates aus Groussbritannien. Plaz 3 geet aktuell un den Damien Howson aus Australien. De Michel Ries läit op Plaz 60, dat mat 9 Minutte 14 Sekonne Réckstand.