D'UAE Tour ass iwwer siwen Etappe gefuer ginn.

Den Tadej Pogacar huet bei der UAE Tour an de Vereenegten Arabeschen Emirater seng éischt Etappecourse vum Joer gewonnen. De Slowen huet déi 176 km laang Schlussetapp mat enger Biergarrivée gewonnen a sech d'Schlussvictoire net méi huele gelooss. De Weltmeeschter hat d'UAE Tour schonn 2021 an 2022 gewonnen.

Am Trikot vum Leader hat de Pogacar um leschten Dag aacht Kilometer virun der Arrivée attackéiert an huet sech seng zweet Etappevictoire en solitaire geséchert. Scho bei der Biergarrivée op der drëtter Etapp war de 26 Joer ale Profi erfollegräich.

Den Arthur Kluckers hat e Sonndeg als 90. e Retard vu knapp 20 Minutten. Am General ass et fir hien déi 100. Plaz op ronn 42 Minutten.

D'Klassement vun der Schlussetapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates - XRG 3:44:04
2 CICCONE Giulio Lidl - Trek 0:33
3 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 0:35
4 ROMEO Iván Movistar Team 0:49
5 ONLEY Oscar Team Picnic PostNL 1:16
...
90 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 19:47

D'Schlussklassement

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates - XRG 23:08:42
2 CICCONE Giulio Lidl - Trek 1:14
3 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 1:19
4 ROMEO Iván Movistar Team 1:26
5 ONLEY Oscar Team Picnic PostNL 2:10
...
100 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 42:20