Kevin Geniets klasséiert sech bei Scaroni-Victoire als 28.

© AFP (Archiv)
D'Course ass iwwer zwou Etappen a Frankräich gefuer ginn.
Den Italiener Christian Scaroni huet den Tour des Alpes-Maritimes gewonnen. Den Italiener hat no zwou Etappen eng Avance vu sechs Sekonnen op de Santiago Buitrago aus Kolumbien an zwielef Sekonnen op de Lenny Martinez aus Frankräich.
De Scarponi hat mat senger Victoire op der éischter Etapp de Grondstee fir de Schlusssuccès geluecht.
E Sonndeg konnt sech de Fransous Dorian Godon iwwer d'Etappevictoire freeën. Hien huet sech am Sprint virum Britt Joseph Blackmore an dem Italiener Nicola Conci behaapt.
Fir de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets ass et um Enn déi 28. Plaz op fënnef Minutten a fënnef Sekonnen. Hie war e Sonndeg den 41. op eng Minutt a 26 Sekonne ginn. E Samschdeg war et fir hien déi 24. Plaz op dräi Minutten a 27 Sekonnen.
D'Klassement vun der 1. Etapp
1 SCARONI Christian XDS Astana Team 4:19:45
2 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious ,,
3 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious 0:04
4 FORTUNATO Lorenzo XDS Astana Team 0:47
5 WIDAR Jarno Lotto ,,
...
24 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:27
D'Klassement vun der 2. Etapp
1 GODON Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:09:13
2 BLACKMORE Joseph Israel - Premier Tech ,,
3 CONCI Nicola XDS Astana Team ,,
4 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team ,,
5 MIFSUD Andrea Nice Métropole Côte d'Azur ,,
...
41 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:26
De General
1 SCARONI Christian XDS Astana Team 7:28:46
2 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious 0:06
3 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious 0:12
4 BLACKMORE Joseph Israel - Premier Tech 0:57
5 FORTUNATO Lorenzo XDS Astana Team 0:58
...
28 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 5:05