Vun e Sonndeg u gëtt déi 83. Editioun vu Paris-Nice gefuer. Mam Kevin Geniets, Bob Jungels an Alex Kirsch sinn 3 Lëtzebuerger um Depart.

Vum 9. bis de 16. Mäerz sinn op deenen 8 Etappen am Ganzen 1.206 Kilometer ze fueren.

RTL

Favoritten:

D'Ekipp Visma Lease a Bike schéckt nieft dem duebelen "Tour de France"-Gewënner Jonas Vingegaard (2022 an 2023), och de leschte Vainqueur vu Paris-Nice an d'Course. Den Amerikaner Matteo Jorgenson hat d'Course d'lescht Joer dominéiert a virum Belsch Remco Evenepoel an engem aneren Amerikaner, dem Brandon McNulty, gewonnen. Aner Favoritten, fir um Enn am Generalklassement vir ze sinn, sinn de Portugis João Almeida, den Australier Ben O'Connor, den Aleksandr Vlasov, den Amerikaner Brandon McNulty an och de Mattias Skjelmose aus Dänemark.

Lëtzebuerger Coureuren:

Den nationale Champion Kevin Geniets geet bei Groupama-FDJ un der Säit vum Guillaume Martin un den Depart. De Martin ass am Wanter vu Cofidis eriwwer gewiesselt an ass Kandidat fir eng Top 10 Plaz am Generalklassement. De Kevin Geniets kéint op der eng oder anerer Etapp eng Méiglechkeet kréien, fir op e Resultat ze fueren. Bei der Etoile de Bessèges Ugangs Februar war de Kevin Geniets am General de ganz staarken 3. ginn.
 
An der Ekipp Ineos Grenadiers gehéiert de Bob Jungels zu de routinéierte Coureuren. Et gëtt no der Volta a la Comunitat Valenciana am Februar déi 2. Etappe-Course fir den 32 Joer ale fréiere Vainqueur vu Léck-Baaschtnech-Léck.

Den Alex Kirsch kritt bei Lidl-Trek direkt e puer Aufgaben. Op den éischten Etappe gëllt et de fréiere Weltmeeschter Mads Pedersen sou gutt wéi méiglech ze ënnerstëtzen, dono ass de Mattias Skjelmose de Leader, fir dee soll gefuer ginn.

De Parcours:

Et ass de 16. Kéier, datt den Depart vun Paris-Nice am Departement des Yvelines ass. Déi zwou éischt Etappe si fir d'Sprinter an/oder d'Klassiker Spezialisten.

Den drëtten Dag steet en Ekippen-Zäitfueren iwwer 28,4 Kilometer um Programm. Den Depart ass um Circuit vu Magny-Cours zu Nevers. Op deem gouf am Joer 2008 de leschte Formel-1-Grand-Prix gefuer. Et ass e wichtegen Dag fir d'Coureuren, déi am Generalklassement zu Nice ganz vir wëllen dobäi sinn.
 
Daags drop gëtt et zu la Loge des Gardes déi éischten Arrivée op engem Bierg. Op der 5. Etapp geet et duerch d'Ardèche mat engem schwierege Parcours op de leschte 50 Kilometer.
 
Um drëttleschten Dag kréie Sprinter hir lescht Chance, éier déi 2 lescht Etappen am Hannerland vun Nice mat ville Bierger nach déi eng oder aner Ännerung kënne mat sech bréngen.
 
Samschdes ass no 147,8 Kilometer mat ville Bierger d'Arrivée um Col d'Auron, Sonndes stinn op enger kuerzer Etapp vun 120 Kilometer net manner wéi 3 Bierger vun der 1. Kategorie um Programm. De Col de la Porte gëtt hei fir déi éischte Kéier zanter 2010 nees gefuer. Kuerz no 17 Auer steet e Sonndeg 16. Mäerz den Nofollger vum Matteo Jorgenson fest.

RTL

Paris-Nice Auerzäiten um 1. RTL an RTL.lu

Sonndeg, 9. Mäerz 14h05 - 15h35
1. Etapp  Le Perray-en-Yvelines > Le Perray-en-Yvelines, 156,1 KM (Plat)
 
Méindeg, 10. Mäerz 15h15 - 16h45
2. Etapp  Montesson > Bellegarde, 183,9  KM (Plat)
 
Dënschdeg, 11. Mäerz 15h15 - 16h45
3. Etapp  Circuit Nevers Magny-Cours > Nevers,  28,4 km (C.l.m par équipe)
 
Mëttwoch, 12. Mäerz 15h15 - 16h45
4. Etapp  Vichy > La Loge des Gardes,  163,3 km (Accidentée)

Donneschdeg, 13. Mäerz 15h15 - 16h45
5. Etapp  Saint-Just-en-Chevalet > La Côte-Saint-André,  203,3 km (Accidentée)

Freideg, 14. Mäerz 15h15 - 16h45
6. Etapp  Saint-Julien-en-Saint-Alban > Berre l’Étang,  209,8 km (Plat)

Samschdeg, 15. Mäerz 13h55 - 15h25
7. Etapp  Nice > Auron,  147,8 km (Montagne)

Sonndeg, 16. Mäerz 15h55 - 17h25
8. Etapp  Nice > Nice,  119,9 km (Accidentée)