De Mats Wenzel huet de Sprong an de Profi-Milieu gepackt
Mam Mats Wenzel huet Lëtzebuerg en neit Talent am Profi-Vëlossport.
De jonken Athlet konnt duerch seng Leeschtungen an deene leschte Joren op nationaler wéi och op internationaler Bün op sech opmierksam maachen. Säi Wee an déi sougenannte Pro Tour ass anescht verlaf, wéi de Mats Wenzel et sech virgestallt huet.
No dräi Joer bei der Lëtzebuerger Ekipp Leopard Pro Cycling, huet de jonken Athlet d’Saison 2024 am Developpement Team vun der Profi Ekipp Lidl Trek verbruecht. Do hat hien och d’Chance, fir grouss UCI-Courssen ze fueren. Elo heescht seng nei Heemescht awer Equipo Kern Pharma, eng Ekipp aus 20 spuenesche Fuerer, engem Kolumbianer a mam Mats Wenzel elo och engem Lëtzebuerger. De Sëtz vun der Ekipp ass zu Pamblona, eng Stad am Norde vu Spuenien. E Wandel an der Karriär vum jonken Athlet, deen net sou geplangt war. De jonke Mats Wenzel gesäit dëst awer alles anescht wéi negativ. Déi eenzeg Schwieregkeet, déi de Sportler an der neier Ekipp huet, ass mat der Sprooch. Well d'Kommunikatioun an der Ekipp op Spuenesch ass, léiert de Mats Wenzel grad och d’Sprooch. Fir de Recht fillt de Sportler sech ganz wuel an der Ekipp.
D’Saison 2024 war fir de Mats Wenzel ganz erfollegräich. No enger 4. Plaz op der U23-Europameeschterschaft, engem Championstitel an der U23-Kategorie sou wei dem Vize-Champion-Titel hannert dem Kevin Geniets bei der Elite, koum dunn den Tour de Luxembourg. Hei huet de Mats Wenzel sech selwer iwwertraff a konnt mat der Weltspëtzt mathalen. Um Enn ass eng 10. Plaz am General rausgesprongen. An awer ass net alles esou verlaf wéi den Athlet et sech virgestallt hat. Ufanks Februar ass de Mats Wenzel an der „Classique du Var“ schwéier gefall. Nodeems e sech iwwerschloen hat, ass de Sportler mat héijer Vitesse um Becke gelant. Am Spidol koum dunn déi schlecht Nouvelle: Beckebroch a 6 Wochen ouni Sport. De Mats Wenzel huet dëst awer gutt verkraaft a konnt am Mee seng éischte Course rëm fueren. Um Championnat ee Mount méi spéit huet en da bewisen, dass e rëm zeréck ass.
Déi nei Saison ass och scho fir de Mats Wenzel lancéiert. Nodeems en am Februar Een-Dages-Coursse gefuer ass, steet Enn des Mounts mat der Volta Catalunia seng éischte World Tour Course um Programm. Duerno steet de Baskenland um Programm. Et dierft ee gespaant sinn, wéi de Mats Wenzel sech an den nächste Wochen um héchsten Niveau vum Vëlossport schléit.