Zwee Amateur-Cycliste sinn e Samschdeg un de Suitte vun engem Malaise gestuerwen, wéi si beim Tour des Flandres fir Amateure matgefuer sinn.

Een Dag virun der Course fir d'Profie sinn e Samschdeg zwee Cycliste bei der Amateurscourse gestuerwen, wéi d'Organisateure vun "We Ride Flanders" matgedeelt hunn.

Een hollännesche Cyclist wier gestuerwen, nodeems hie sech bei der Montée vum Taaienberg schlecht gefillt hätt. "Trotz séierer Hëllef a Reanimatiounsversich ass d'Persoun un engem Häerzversoe gestuerwen", erkläert de Gert Van Goolen, Spriecher vun "We Ride Flanders" an engem Schreiwes.

Dat anert Affer, e franséische Staatsbierger, huet no engem Malaise um "Vieux Quaremont" zu Kluisbergen misse reaniméiert ginn. De Mann koum mam Helikopter an e Spidol, wou hien awer un de Suitte vu sengem Malaise gestuerwen ass.

En drëtte Cyclist huet no engem Tëschefall um Eikenberg och missen an e Spidol bruecht ginn. Hei sinn d'Ëmstänn nach net genee gekläert.

D'Amateurscourse vum Tour des Flandres hat eng 15.000 Cyclisten ugezunn, déi iwwer 229 km vu Bruges op Oudenaarde.