Op der Zillinn war et esou enk, dass de Fotofinish huet missen decidéieren. D'Polin Lach konnt sech virun der Confalonieri an der Van Dam duerchsetzen.

Marta Lach gewënnt éischt Course am Sprint
Op der Zillinn war et esou enk, dass de Fotofinish huet missen decidéieren. D'Polin Lach konnt sech virun der Confalonieri an der Van Dam duerchsetzen.

E Samschdeg war déi éischt Course vum 17. Festival Elsy Jacobs, déi vun der benevoller Sport- a Fräizäit Zéisseng ASBL organiséiert gëtt. No den 112 Kilometer ronderëm Garnech war d'Marta Lach déi Séierst. D'Polin konnt sech am Sprint géint d'Italieenerin Maria Confalonieri an d'Sarah Van Dam duerchsetzen.

Et gouf déi ganz Course iwwer e puer Attacken, déi sech awer net behaapte konnten. De Parcours huet et net hierginn, dass sech eng Echappée hätt kënnen duerchsetzen. 35 Kilometer virun der Arrivée huet et plazeweis gereent, wat d'Course awer net beaflosst huet. D'Marie Schreiber war de gréissten Deel vun den 112 Kilometer mat vir bäi a war och net an d'Chute 20 Kilometer virun der Arrivée am Ausgang vun Héiweng verwéckelt.

15 Kilometer virun der Arrivée hate sech mat der Marta Lach an der Steffi Häberlin zwou Coureurinne vun SD Worx ofgesat. Duerch dës Attack gouf de Peloton ausernee gezunn. E puer Kilometer méi spéit gouf dës Grupp awer gesplitt a sou goungen eng Dose Coureurinnen op déi lescht Kilometer. D'Marie Schreiber hat hei den Uschloss verpasst.

RTL

Aus dëser Grupp hate sech 5 Fuererinnen 3 Kilometer virun der Arrivée ofgesat an et koum zu engem Sprint op de leschten 200 Meter. Hei konnt sech d'Marta Lach duerchsetzen. De Fotofinish huet missen d'Entscheedung bréngen. D'Polin Lach confirméiert domat hir Victoire aus dem leschte Joer. Ënner anerem d'Marianne Vos an d'Christine Majerus gehéieren zu de Gewënner vum Festival Elsy Jacobs, enger Course vun der Kategorie 1.1 am Vëlosportkalenner.

D'Marie Schreiber gouf als bescht Lëtzebuergerin déi 29. op 39 Sekonnen. Déi aner Lëtzebuergerinne koumen op dës Plazen: Layla Barthels op Plaz 57 mat 8:07 Retard, Liv Wenzel op Plaz 63 mat 8:07 Retard, Maité Barthels op Plaz 70 mat 15:43 Retard.

Bei der Editioun 2025 sinn am Ganzen 20 Ekippen dobäi, dovu 5 World-Tour-Ekippen. E Sonndeg gëtt nach eng zweet Course ronderëm Zéisseng gefuer, déi 121,6 Kilometer laang ass.

D'Top10 vun der Course

1 LACH Marta 2:53:26
2 CONFALONIERI Maria ''
3 VAN DAM Sarah ''
4 VANPACHTENBEKE Margot ''
5 VAN AGT Eva ''
6 JANSEN Noä 0:04
7 QUAGLIOTTO Nadia ''
8 HÄBERLIN Steffi ''
9 MOERMAN Tess ''
10 QUINN Natalie ''
...
29 SCHREIBER Marie 0:39
57 BARTHELS Layla 8:07
63 WENZEL Liv ''
70 BARTHELS Maïté 15:43