Mads Pedersen no Victoire am Massesprint neie Leader

© AFP Luca Bettini
Den Dän konnt sech op der Arrivée zu Vlorë behaapten an hëlt sech am General déi éischt Plaz vum Primoz Roglic. De Kevin Geniets ass den 23. ginn.
E Sonndeg stoung beim Giro d'Italia déi 3. Etapp mat Depart an Arrivée am albanesche Vlorë um Programm. No 160 Kilometer ass d'Victoire am Massesprint un de Mads Pedersen virum Corbin Strong an dem Orluis Aular gaangen. Den Dän ass am General domadder neie Leader, dat mat 9 Sekonne virum Primoz Roglic a 14 Sekonne virum Mathias Vacek.
De Kevin Geniets war als beschte Lëtzebuerger op déi 23. Plaz gefuer an och de Michel Ries war zesumme mam Peloton als 79. op der Arrivée ukomm.
De Resumé vun der 3. Etapp
Kuerz nom offizielle Start an d'Course huet sech un der Spëtzt ee klenge Grupp vu véier Coureure forméiert. Den Joshua Tarling, Mark Donovan, Lorenzo Germani a Chris Hamilton goufe méi spéit nach vum Alessandro Tonelli an Dries De Bondt komplettéiert. Zu Sechs krute si sech wärend knapp 100 Kilometer och mat engem Ecart vu bis zu enger gudder Minutt vir gehalen. Dat sollt sech dann awer spéitstens bei der leschter laanger Montée erop op de Qafa e Llogarasë änneren. No an no huet sech de Spëtzegrupp opgeléist a vun hanne sinn neier dozou gestouss.
Fir déi lescht 40 Kilometer vun der Course erof op Vlorë hu sech de Pello Bilbao an de Lorenzo Fortunato zu zwee un der Spëtzt rëmfonnt, dat mat engem Ecart vun enger knapper Minutt op de Peloton. Dee konnt am leschten Deel nach eemol richteg unzéien an 19 Kilometer virun der Arrivée de Spëtzegrupp afänken. D'Decisioun ëm d'Etappevictoire sollt also an engem Massesprint falen, wou de Mads Pedersen nach déi meeschte Kraaft an de Been hat.
Klassement vun der 3. Etapp
1.PEDERSEN Mads 7:42:10
2. STRONG Corbin ,,
3. AULAR Orluis ,,
4. RIVERA Brandon Smith ,,
5. ZAMBANINI Edoardo ,,
6. OLDANI Stefano ,,
7. VENDRAME Andrea ,,
8. MARCELLUSI Martin ,,
9. FIORELLI Filippo ,,
10. SCARONI Christian ,,
23. GENIETS Kevin ,,
79. RIES Michel ,,
Generalklassement
1.PEDERSEN Mads 7:42:10
2. ROGLIC Primoz 0:09
3. VACEK Mathias 0:14
4. MCNULTY Brandon 0:21
5. AYUSO Juan 0:25
6. DEL TOTO Isaac 0:26
7. POOLE Max 0:33
8. TIBERI Antonio 0:34
9. STORER Michael 0:36
10. PELLIZZARI Giulio 0:40
56. GENIETS Kevin 3:03
66. RIES Michel 4:29