Luke Plapp gewënnt en solitaire, Diego Ulissi neie Leader am General

© AFP
Op der 8. Etapp vum Giro stounge fir d'Coureure ronn 197 Kilometer vun Giulianova op Castelraimondo um Programm.
Den Australier Luke Plapp hat sech gutt 40 Kilometer viru Schluss ofgesat. Hannendru komplettéieren den Hollänner Wilco Kelderman an den Italiener Diego Ulissi de Podium, béid mat engem Retard vun 38 Sekonnen.
Den Diego Ulissi ass et domat och, deen d'Féierung am General vum Primoz Roglic iwwerhëlt. Säi Landsmann a Coequipier Lorenzo Fortunato spréngt op déi 2. Plaz mat engem Réckstand vun 12 Sekonnen, wärend de Roglic op déi 3. Plaz zréckfält.
De Kevin Geniets ass op der 8. Etapp als 58. iwwer d'Zillinn gefuer, dat mat engem Retard vu 5 Minutten an 32 Sekonnen. Am General spréngt de Lëtzebuerger domat zwou Plazen erop op déi 40. Plaz.
Et war eng interessant Etapp, an där vill Coureure sech an ënnerschiddleche Gruppe vum Peloton ofsetze konnten. D'Top 3 vum General virun der Etapp - Roglic, Ayuso an Del Toro - hunn allerdéngs net dozou gehéiert.
Gutt 40 Kilometer viru Schluss huet de Luke Plapp sech eleng ofgesat, wat um Enn déi decisiv Attack sollt sinn. Hie konnt sech ee Virsprong vu ronn enger Minutt op den Trio Kelderman, Arrieta an Ulissi erausfueren.
An de leschte Kilometer goufen nach eng ganz Partie Coureure vu Roglic, Ayuso an Del Toro agefaangen, ma vun der Spëtzt war een awer ze wäit ewech. Si kommen um Enn op déi 11., 12. an 13. Plaz.
D'Klassement vun der Etapp
1 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 4:44:20
2 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 0:38
3 ULISSI Diego XDS Astana Team ,,
4 ARRIETA Igor UAE Team Emirates - XRG 1:22
5 PRODHOMME Nicolas Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:35
6 VENDRAME Andrea Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:48
7 FORTUNATO Lorenzo XDS Astana Team ,,
8 STEINHAUSER Georg EF Education - EasyPost 2:59
9 BARDET Romain Team Picnic PostNL 3:02
10 MARTINELLI Alessio VF Group - Bardiani CSF - Faizanè 4:37
...
58 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 5:32
De General
1 ULISSI Diego XDS Astana Team 29:21:23
2 FORTUNATO Lorenzo XDS Astana Team 0:12
3 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0:17
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates - XRG 0:20
5 DEL TORO Isaac UAE Team Emirates - XRG 0:26
6 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 0:44
7 POOLE Max Team Picnic PostNL 0:47
8 STORER Michael Tudor Pro Cycling Team 0:50
9 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG 0:51
10 YATES Simon Team Visma | Lease a Bike 0:56
...
40 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 7:54