Samuel Watson gewënnt d'Etapp an ass neie Leader

© AFP
Op der 4. a virleschter Etapp ass et fir d'Coureuren vu La Chapelle-d'Armentières aus 172,7 Kilometer op Cassel gaangen.
Hei konnt de Britt Samuel Watson sech um Enn knapp virum Spuenier Carlos Canal behaapten. De Lewis Askey huet de Podium mat 3 Sekonne Retard komplettéiert.
Mat der Etappevictoire iwwerhëlt de Watson och d'Féierung am Generalklassement. Och hei ass säi Landsmann Lewis Askey 3 Sekonnen hannert him, de Carlos Canal läit op Plaz 3 mat engem Retard vun 8 Sekonnen.
De Bob Jungels ass net méi dobäi, nodeems hien e Freideg fir déi drëtt Etapp net méi un den Depart gaange war.
D'Klassement vun der Etapp
1 WATSON Samuel INEOS Grenadiers 4:17:01
2 CANAL Carlos Movistar Team ,,
3 ASKEY Lewis Groupama - FDJ 0:03
4 DELETTRE Alexandre Team TotalEnergies 0:05
5 ANDRESEN Tobias Lund Team Picnic PostNL ,,
6 LANGELLOTTI Victor INEOS Grenadiers 0:06
7 HAGENES Per Strand Team Visma | Lease a Bike ,,
8 THOMAS Benjamin Cofidis ,,
9 GRUEL Thibaud Groupama - FDJ 0:08
10 BREUILLARD Nicolas St Michel - Preference Home - Auber93 ,,
De General
1 WATSON Samuel INEOS Grenadiers 15:22:08
2 ASKEY Lewis Groupama - FDJ 0:03
3 CANAL Carlos Movistar Team 0:08
4 ANDRESEN Tobias Lund Team Picnic PostNL 0:13
5 HAGENES Per Strand Team Visma | Lease a Bike ,,
6 DELETTRE Alexandre Team TotalEnergies 0:19
7 THOMAS Benjamin Cofidis 0:20
8 LANGELLOTTI Victor INEOS Grenadiers ,,
9 PETERS Nans Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 GRUEL Thibaud Groupama - FDJ 0:22