E Sonndeg goung et op der leschter Etapp iwwer 170 Kilometer vun Etyek op Esztergom.

Op der leschter Etapp vum Tour duerch Ungarn huet sech de Juan Molano am Sprint déi lescht Dagesvictoire geséchert. Dat virum Danny van Poppel an dem Tim Teutenberg. De Mats Wenzel koum als 41. mat engem Retard vu 14 Sekonnen un, den Alex Kirsch huet sech als 88. (+ 1'44'') klasséiert.

Am Generalklassement huet sech op der leschter Etapp net méi vll geännert. Den Harold Lopez konnt seng Avance virum Alessandro Covi an dem Albert Withen Philipsen behalen an huet déi 46. Editioun vum Tour duerch Ungarn gewonnen. De Mats Wenzel schléisst den Tour op der 39. Plaz (+ 1'48'') of an den Alex Kirsch gouf am General 78.

Klassement vun der Etapp

1 MOLANO Juan Sebastián 3:54:02
2 VAN POPPEL Danny ''
3 TEUTENBERG Tim Torn ''
4 OLIVEIRA Ivo ''
5 KOPECKÝ Matyáš ''
...
41 WENZEL Mats 0:14
88 KIRSCH Alex 1:44

Generalklassement

1 LÓPEZ Harold Martín 19:56:53
2 COVI Alessandro 0:07
3 WITHEN PHILIPSEN Albert 0:10
4 HAJEK Alexander 0:16
5 CASTELLON Jan 0:26
...
39 WENZEL Mats 1:48
78 KIRSCH Alex 10:04