De Belsch setzt sech op der géier Arrivée zu Siena géint den Isaac Del Toro duerch. De Primosz Roglic hat op en Neits Problemer an huet Zäit verluer.

No 181 Kilometer vu Gubbio op Siena war de Wout van Aert dee Séiersten. An der leschter géier Montée an en alen Zentrum vu Siena huet de Belsch seng Erfarung ausgespillt an de jonken Isaac Del Toro hannert sech gelooss. Am Sprint hannendru koumen den Giulio Ciccone an de Richard Carapaz op d'Plazen 3 a 4. De Primosz Roglic war wärend der Course gefall an hat duerno och nach en techneschen Defekt, wat hien nach méi Zäit kascht huet. Insgesamt huet de Sloween 2'22'' verluer.

De Kevin Geniets war vir mat bäi an huet sech op der 13. Plaz klasséiert. De Lëtzebuerger hat 1'24'' Réckstand op de Gewënner.

Den Isaac Del Toro huet mat senger staarker Leeschtung de Rosa Maillot vum Gesamtleader iwwerholl. De Mexikaner klëmmt vun der fënnefter op déi éischt Plaz an huet 1'13'' Avance op de Juan Ayuso. De Primosz Roglic ass neien Zéngten an huet 2''25 Réckstand. De Kevin Geniets ass hei 30. op 9'04''.

E Méindeg ass e Roudag.

Resultat vun der Etapp

1 VAN AERT Wout 4:15:08
2 DEL TORO Isaac ''
3 CICCONE Giulio 0:58
4 CARAPAZ Richard ''
5 YATES Simon 1:00
6 TIBERI Antonio ''
7 AYUSO Juan 1:07
8 ARENSMAN Thymen 1:10
9 BERNAL Egan ''
10 YATES Adam ''
...
13 GENIETS Kevin 1:24

Gesamtklasement

1 DEL TORO Isaac 33:36:45
2 AYUSO Juan 1:13
3 TIBERI Antonio 1:30
4 CARAPAZ Richard 1:40
5 CICCONE Giulio 1:41
6 YATES Simon 1:42
7 BERNAL Egan 1:57
8 MCNULTY Brandon 1:59
9 YATES Adam 2:01
10 ROGLIČ Primož 2:25
...
30 GENIETS Kevin 9:04