No der Victoire bei der Vuelta Fememina gewënnt d'Hollännerin mat der Itzulia déi zweet Course op spueneschem Territoire.

Op der drëtter a leschter Etapp vum Tour duerch d'Baskeland konnt sech d'Demi Vollering no 113 Kilometer souverän duerchsetzen. Duerch hir Avance vun 58 Sekonnen op d'Leaderin Mischa Bredewold konnt d'Vollering net just d'Etapp, mee och d'Gesamtklassement fir sech entscheeden. Et ass hir zweet Gesamtvictoire bei engem Tour bannent enger Woch. Leschte Samschdeg hat si d'Vuelta Femenina gewonnen.

D'Hollännerin Vollering konnt sech op dëser Etapp e grousse Virsprong erausfueren an hat op der Arrivée 55 Sekonne Virsprong op d'Zweetplacéiert Sara van Dam, déi d'Belsch Justine Ghekiere knapp hannert sech loosse konnt. E puer Sekonne méi spéit ass eng Grupp vu 6 Fuererinne mat der Mischa Bredewold an d'Zil komm. D'Marie Schreiber koum als 60. un, dat mat 7'49'' Retard.

Am Schlussklassement huet d'Demi Vollering 48 Sekonne Virsprong op hir Landsfra Bredewold an huet hir d'Schlussvictoire nach ewechgeholl. Plaz 3 ass fir d'Kanadierin Sarah van Dam. D'Marie Schreiber kënnt am Schlussklassement op d'65. Plaz mat 22'24'' Réckstand.

Klassement vun der Etapp

1 VOLLERING Demi 2:55:35
2 VAN DAM Sarah 0:55
3 GHEKIERE Justine ''
4 MUZIC Évita 0:58
5 DE JONG Thalita ''
6 BREDEWOLD Mischa ''
7 SPRATT Amanda ''
8 NIEDERMAIER Antonia ''
9 GARCÍA Mavi ''
10 MIERMONT Dilyxine 1:17
...
60 SCHREIBER Marie 7:49

Generalklassement

1 VOLLERING Demi 9:55:44
2 BREDEWOLD Mischa 0:48
3 VAN DAM Sarah 1:01
4 GHEKIERE Justine 1:03
5 DE JONG Thalita 1:10
6 SPRATT Amanda ''
7 GARCÍA Mavi ''
8 NIEDERMAIER Antonia ''
9 MUZIC Évita ''
10 MIERMONT Dilyxine 1:27
...
65 SCHREIBER Marie 22:24