No ustrengende leschten Deeg mat zum Deel schlechtem Wieder a ville Problemer an der Course, gouf et och am Generalklassement e puer Ännerungen.

Aus Lëtzebuerger Siicht huet de Michel Ries missen opginn, an de Kevin Geniets huet seng gutt Form confirméiert.

Den Donneschdeg haten déi naass-glat Stroosse fir Chaos gesuergt. De Michel Ries war ee vun deene Coureuren, dee mat gefall war. Den Dag drop sollt hien net méi un den Depart goen. Nodeems den Australier Plapp e Samschdeg mat engem laange Solo d'Etapp konnt gewannen an den Italiener Ulissi an de Maillot Rose gefuer war, stoung e Sonndeg déi spektakulär Gravel-Etapp mat Arrivée zu Siena um Programm. Hei gouf d'Generalklassement richteg duerchernee gerëselt.

Vill Favoritte waren a Schwieregkeeten, haten e Platten oder si gefall. De Belsch Wout van Aert war op der Piazza del Campo zu Siena dee Beschten. Hannert him ass den 21 Joer jonke Mexikaner Isaac del Toro den Zweete ginn an domadder neie Leader am Generalklassement. De Kevin Geniets konnt sech de ganzen Dag vir ophalen an ass als 13. ukomm. Am General ass de Lëtzebuerger Champion no néng Deeg Course den 30.

En Dënschdeg steet en Zäitfueren iwwer 28,6 Kilometer vu Lucca op Pisa um Programm.