Hoole wënnt Contre-la-montre, Del Toro bleift a Rosa

© AFP
En Dënschdeg stoung beim Giro d'Italia e Contre-la-montre vun 28,6 Kilometer mat Arrivée zu Pisa um Programm.
Den Hollänner Daan Hoole huet dee beschte Chrono realiséiert. Hien hat um Enn 7 Sekonnen Avance op den Joshua Tarling an 10 Sekonnen op den Ethan Hayter.
Déi bescht Fuerer aus dem General hate méi schwiereg Wiederkonditiounen, well et zu Lucca vill gereent huet. Den Isaac Del Toro bleift Leader am General. De Mexikaner huet elo nach 25 Sekonne Virsprong op säin Teamkomerod Juan Ayuso. Den Antonio Tiberi huet als Drëtten e Retard vun enger Minutt an enger Sekonn.
De Kevin Geniets hat en Dënschdeg als 111. e Retard vun 3 Minutten an 48 Sekonnen. Am General läit hien elo op der 30. Plaz, dat op 10 Minutten an 30 Sekonnen.
Resultat vun der Etapp
1 HOOLE Daan Lidl - Trek
2 TARLING Joshua INEOS Grenadiers 0:07
3 HAYTER Ethan Soudal Quick-Step 0:10
4 CATTANEO Mattia Soudal Quick-Step 0:23
5 AFFINI Edoardo Team Visma | Lease a Bike 0:24
6 VINE Jay UAE Team Emirates - XRG 0:37
7 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 0:44
8 FRIGO Marco Israel - Premier Tech 0:47
9 HEPBURN Michael Team Jayco AlUla 0:50
10 AZPARREN Xabier Mikel Q36.5 Pro Cycling Team 0:54
Gesamtklasement
1 DEL TORO Isaac 33:36:45
2 AYUSO Juan 0:25
3 TIBERI Antonio 1:01
4 YATES Simon Team Visma | Lease a Bike 1:03
5 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:18
6 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG 2:00
7 YATES Adam UAE Team Emirates - XRG 2:06
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek 2:07
9 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 2:10
10 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 2:27