Déi 74. Editioun vun der Flèche du Sud am Iwwerbléck
D'Flèche du Sud ass all Joer en Highlight am Kalenner vun de jonke Vëlossportler.
Grouss Nimm wéi Geraint Thomas, Bradley Wiggins oder Tadej Pogačar stounge scho virun hirem internationalen Duerchbroch am Grand-Duché um Depart. An och déi jonk Lëtzebuerger konnten a rezente Joren ëmmer nees mat staarke Leeschtungen iwwerzeegen an de Sprong an de Profiberäich maachen. Och bei der 74. Editioun wäert de Peloton international nees gutt besat sinn. Dat besonnesch mat bekannten Nimm vun de Cyclocross-Spezialisten, déi d’Flèche du Sud gären als Virbereedung op d’Wantersaison notzen. Mat dobäi och de Pim Ronhaar, Gewënner vun de leschten zwou Editiounen, dee sech dëst Joer mat enger weiderer Victoire am General als éischte Coureur dräimol hannereneen an de Palmarès kéint aschreiwen.
Anescht wéi déi lescht Joren ass d’Lëtzebuerger Presenz dës Kéier däitlech méi schwaach. No 19 Participanten d’lescht Joer, sti fir dës Editioun nëmme 4 Lëtzebuerger um Depart. Dat zum Deel wéinst de Spiller vun de klenge Länner, déi gläichzäiteg gefuer ginn.
Beim Parcours gouf et eng Rei Ännerungen. No 15 Joer gëtt den Depart erëm zu Diddeleng organiséiert an dat a Form vun engem kuerze Prolog iwwer 7,3 Kilometer. Mat Departen an Arrivéeën zu Diddeleng, Rëmeleng, Suessem, Kanech an Esch bleift d’Flèche du Sud, wéi den Numm et scho seet, ganz am Süde vum Land. D'Kinneksetapp gëtt e Samschdeg zu Kanech gefuer. Mat iwwer 195 km eng vun deene längsten Etappen an der Geschicht vun der Course.
Lass geet et e Mëttwoch an de Stroosse vun Diddeleng. Wärend fënnef Deeg waarden iwwer 680 Kilometer op d'Coureuren.