Op enger usprochsvoller Etapp sinn d'Nina Berton op déi 38. an d'Marie Schreiber op déi 62. Plaz gefuer.

E Samschdeg war bei der Vuelta a Burgos Feminas déi 3. Etapp gefuer ginn. Op der Arrivée zu Espinosa de los Monteros konnt sech no 95 Kilometer an enger laanger leschter Montée vun der Hors catégorie d'Schwäizerin Marlen Reusser d'Victoire en solitaire sécheren. 39 Sekonnen hannendrun ass d'Yara Kastelijn aus Holland als Zweet ukomm an d'Elisa Longo Borghini huet de Podium als Drëtt komplettéiert.

D'Nina Berton war mat engem Retard vun 8:08 Minutten op déi 38. Plaz gefuer a fir d'Marie Schreiber stoung mat engem Retard vu 14:52 Minutten um Enn déi 62. Plaz.

Am General gëtt et duerch d'Dagesvictoire mat der Marlen Reusser eng nei Leaderin. D'Schwäizerin steet 1:10 Minutt virun der Yara Kastelijn an 1:43 Minutt virun der Elisa Longo Borghini

E Sonndeg steet da schonn déi lescht Etapp vun der Vuelta um Programm. Do geet et dann nach eng Kéier an engem Zäitfuere vu knapp 10 Kilometer vu Burgos op Lezana de Mena.

D'Klassement vun der 3. Etapp

  1. REUSSER Marlen 2:47:35
  2. KASTELIJN Yara 0:39
  3. LONGO BORGHINI Elisa 1:16
  4. SPRATT Amanda 1:21
  5. STIASNY Petra 1:24
  6. CHABBEY Elise 1:29
  7. CAVALLAR Valentina 1:33
  8. THOMAS Ségolène 1:38
  9. MALCOTTI Barbara 1:48
  10. LABOUS Juliette 2:04

38. BERTON Nina 8:08
62. SCHREIBER Marie 14:52

De General

  1. REUSSER Marlen 9:12:49
  2. KASTELIJN Yara 1:10
  3. LONGO BORGHINI Elisa 1:43
  4. SPRATT Amanda 1:58
  5. CHABBEY Elise 2:01
  6. CAVALLAR Valentina 2:22
  7. MALCOTTI Barbara 2:33
  8. LABOUS Juliette 2:41
  9. OTTESTAD Mie Bjorndal 3:04
  10. BENITO Mirela 3:21

51. BERTON Nina 17:22
80. SCHREIBER Marie 23:24