D'Ekipp Lidl-Trek ass ouni Zweiwel amgaangen, en excellente Giro d'Italia ze fueren.

E Sonndeg konnt de Spuenier Carlos Verona d'Etapp aus der Echappée eraus gewannen. Zwee Deeg virdru konnt de Mads Pedersen seng 4. Etappe-Victoire féieren. De Bemol fir d'Ekipp ass den Out vun hirem Leader Ciccone, deen e Samschdeg gefall war. Och de Kevin Geniets hat iwwer déi leschten Deeg seng Chance an der Echappée gesicht.

Kevin Geniets:
"Wann een en Dag wéi gëschter kuckt, dat dauert da bal 2 Stonne bis iwwerhaapt eng Echappée fort kënnt. Heiansdo si mer nach 50 Leit am Peloton no der éischter annerhallef Stonn Course. Dat sinn extrem haart Deeg a mir haten der zwee lo esou an dëser Woch. Et wäerten der nach sou kommen an der leschter Woch, ech muss motivéiert bleiwen, fir datt dat klappt, fir an de richtege Grupp ze kommen."

D'Iwweraschung vun dësem Giro bleift de jonke Mexikaner Isaac del Toro. De Coureur vun der Ekipp UAE huet déi lescht Etapp genotzt, fir seng Avance auszebauen a straalt vill Confiance aus. Mat deem extrem schwéiere Parcours, deen nach op d'Coureure waart, heescht et awer ofwaarden, wien um Enn ganz vir ass.

Kevin Geniets:
"Wann ech gesinn, wéi locker e gëschter war, kéint ech mer virstellen, datt den Del Toro et bis op en Enn packt. Mee bon, et ass nach laang an extrem schwéier. Och d'Ekipp Ineos mam Egan Bernal probéiert et ëmmer op en Neits a mécht d'Course dacks an der Mëtt vun der Etapp schwéier. Ech mengen, et gëtt eng interessant lescht Woch an d'Course ass fir mech extrem oppen."

Muer scho waart am Giro d'Italia eng ganz schwéier Etapp op de Peloton, e puer Sprinter hunn et och virgezunn, fir vun en Dënschdeg un net méi un den Depart ze goen.