Nico Denz wënnt en solitaire, Isaac del Toro bleift Leader

© AFP
De Kevin Geniets ass en Donneschdeg zu Cesano Maderno mam Peloton als 125. ukomm.
Am Giro d'Italia war en Donneschdeg déi 18. Etapp. No 144 Kilometer ass den Nico Denz en solitaire iwwert d'Arrivée gefuer. Den Däitsche war mat iwwer enger Minutt Virsprong op de Grupp hannendrun ukomm. D'Plazen Zwee an Dräi sinn un den Italiener Mirco Maestri an de Belsch Edward Planckaert gaangen.
De Kevin Geniets ass zesumme mam Peloton mat engem Ecart vun 13:51 Minutten als 125. iwwert d'Arrivée gefuer.
Am General bleift den Isac Del Toro weider de Leader, dat 41 Sekonne virum Richard Carapaz an 51 Sekonne virum Simon Yates. Ze fuere bleiwe beim Giro d'Italia nach dräi Etappen, dovunner geet e Freideg an e Samschdeg nach eemol richteg an d'Bierger.
Resumé
Nom Depart zu XX war et zu vereenzelten Attacke vu verschiddene Coureure komm, dorënner och vum Dän Mads Pedersen, dee sech dann och déi eng oder aner Sprint-Wäertung séchere konnt a säi Virsprong am Grénge Maillot weider ausgebaut huet. Wéi nach gutt 100 Kilometer bis op d'Arrivée ze fuere waren, huet de Juan Ayuso, mat ee vun de grousse Favoritten, missen opginn, kuerz nodeems hie vum Peloton lassgelooss hat. Un der Spëtzt konnte sech dann an deene leschte gutt 30 Kilometer néng Coureuren e Stéck ofsetzen, wou den Nico Denz et dann direkt mat enger Konterattack probéiert huet. Mat Succès. Den Däitschen ass eleng dervu gezunn an huet sech um Enn d'Etappevictoire net méi aus den Hänn huele gelooss.
D'Klassement vun der 18. Etapp
1. DENZ Nico 3:12:07
2. MAESTRI Mirco 1:01
3. PLANCKAERT Edward ,,
4. MAGLI Filippo ,,
5. EDMONDSON Alex ,,
6. DE BONDT Dries ,,
7. HOOLE Daan ,,
8. DE PRETTO Davide ,,
9. CONCI Nicola ,,
10. WARBASSE Larry ,,
De General
1.DEL TORO Isaac 68:56:32
2. CARAPAZ Richard 0:41
3. YATES Simon 0:51
4. GEE Derek 1:57
5. CARUSO Damiano 3:06
6. BERNAL Egan 4:43
7. PELLIZZARI Giulio 5:02
8. RUBIO Einer 6:09
9. YATES Adam 7:45
10. STORER Michael 7:46