E Freideg stoung déi ronn 160 Kilometer laang zweet Etapp mat Depart an Arrivée zu Suessem um Programm.

Um Enn konnt sech den Thomas Mein en solitaire virum Mattia Negrente an dem Simon Vanicek duerchsetzen. Am General iwwerhëlt de Martijn Rasenberg d'Féierung an de Charel Meyers ass nei am Giele Maillot vum beschte Lëtzebuerger.

Flèche du Sud: 2. Etapp
Thomas Mein wënnt zu Suessem, Martijn Rasenberg neie Leader

Resumé

Bei exzellentem Vëloswieder hate sech och op dëser zweeter Etapp op en neits vill Leit um Bord vun de Stroossen zesumme fonnt. D’Course sollt de Mëtteg vun Ufank un zügeg gefuer ginn a sou hat sech no déck 25 Kilometer eng éischt Echappée vun Dräi ofgesat. Mat dobäi, wéi schonn en Donneschdeg am Roude Maillot vum beschte Grimpeur, de Simone Zanini. Den Italiener hat et och haut nees op d’Biergpunkten ofgesinn. Mat sengen zwee Begleeder, Mathew Kingston a Benjamin Marais sollten déi Dräi awer ni méi wéi 90 Sekonnen Avance kréien. Hannendru goufen ëmmer nees Attacke gefuer, ma sou richteg ofsetze konnt sech awer keen.

Um Schlusscircuit ronderëm Suessem stoung de Col de l’Europe véier Mol um Plang, eng gutt Méiglechkeet fir déi Coureuren, déi et net op e Sprint wollten ukomme loossen. Am virleschten Tour huet de Peloton den Tempo an der Montée richteg ugezunn an et ass zu enger éischter Vir-Selektioun komm.
An och déi leschte Kéier sollt et am Col de l’Europe séier goen, sou dass et ee Coureur en solitaire war, deen sech op der Linn d’Arrivée presentéiert huet. Mat engem um Enn knappe Virsprong konnt sech de Britt Thomas Mein d'Dagesvictoire sécheren. Am Sprint ëm d’Éiereplaze konnt sech de Mattia Negrente virum Simon Vanicek duerchsetzen. Als beschte Lëtzebuerger ass de Charel Meyers am éischte grousse Grupp mat iwwert d’Linn gerullt. Domadder iwwerhëlt hien de Giele Maillot  vum beschte Lëtzebuerger. Neie Leader ass lo de Martjin Rasenberg.

Muer waart dann d’Kinneksetapp zu Kanech op d’Coureure wou sech weider Changementer am General ze erwaarde sinn.