De Bruyckere wënnt am Massesprint
Déi drëtt Etapp vun der Flèche du Sud sollt mat knapp 195 Kilometer eng ganz laang ginn.
Dat kombinéiert mat ronn 3000 Héichtemeter sollt et zu der schwéierster Etapp dëst Joer maachen. Dobäi war et de Moien och nach richteg waarm. Alles an allem déi perfekt Viraussetzunge fir e spannende Schlusskampf um virleschten Dag fir de General vun dëser Flèche du Sud. Ënnert der dréckender Sonn vun der éischter Stonn huet et bësse gebraucht bis sech schlussendlech e Grupp vu 4 konnt ofsetzen. Hannendru war et d’Equipe vu Parkhaus Valkenburg déi kontrolléiert hunn. No hallwer Course dunn d’Noriicht dass d’Coureuren hu misse stoe bleiwen, dat wéinst Donnerwiederen.
No enger véierel Stonn konnt et dunn awer nees weider goen, wou d’Coureure kuerz no dem Restart d’Wuermer Mauer erwaart huet. Wuel ass de Grupp vir, ëm de Charel Meyers ëmmer méi kleng ginn, sou richteg ofsetze konnt sech awer keen. Ma et waren zwee Coureuren déi et um Schlusscircuit nach eng kéier probéiert haten ma och si sollten eng ronn 6 Kilometer virun der Arrivée agefaange ginn, sou dass et zum Sprint komm ass, wou sech den De Bruyckere aus der Belsch duerchsetze konnt. De Charel Meyers ass als beschte Lëtzebuerger an dësem Grupp mat iwwert d’Linn gefuer. Am General huet sech deemno näischt gedoen an de Rasenberg steet kuerz virun der Schlussvictoire.