De Marijn van den Berg gewënnt am Sprint

© Laurent Lairys / DPPI via AFP
Iwwer 195,8 Kilometer goung et op der 2. Etapp vu Cignac Vallée de l'Hérault op Carmaux Ségala. Leader bleift de Raoul Garcia Pierna.
Zwee Colle vun der zweeter Kategorie an ee Col vun der éischter Kategorie waren ze bewältegen. An enger Zon vum Ravitaillement koum et zu enger gréisserer Chute.
Sechs Coureure ware laang an enger Echappée, konnten um Enn awer vum Peloton agefaange ginn, sou dass et zum Massesprint koum. Do konnt sech den Hollänner Marijn van den Berg duerchsetzen, virum Fransous Dorian Godon. De Lëtzebuerger Mats Wenzel klasséiert sech als 46., wärend de Kevin Geniets als 49., an der selwechter Zäit wéi de Gewënner, iwwer d'Arrivée fiert.
Leader am orange Maillot bleift de Spuenier Raul Garcia Pierna. De Mats Wenzel huet am General als 24. e Retard vu 56 Sekonnen, wärend de Kevin Geniets als 33. e Réckstand vun 1 Minutt a 7 Sekonnen huet.
E Freideg op der drëtter Etapp steet ënnert anerem de legendäre Col du Tourmalet um Programm. Fir d'Kinneksetapp vun dëser Route geet et um Enn och nach op Luz Ardiden erop.