D'Sarah Gigante wënnt zu Trento

D'Sarah Gigante op der Tour Down Under am Januar 2025. / © BRENTON EDWARDS / AFP
Op der 4. Etapp vum Giro d'Italia vun den Damme gouf et no 124 Kilometer tëscht Vezza d'Oglio an Trento e Succès fir d'Sarah Gigante.
D'Australierin hat eng Avance vu 25 Sekonnen op d‘Italienerin Elisa Longho Borghini an d'Schwäizerin Marlen Reusser.
D'Nina Berton ass mat engem Retard vun iwwer 14 Minutten als 62. iwwer d‘Arrivée gefuer.
Am General féiert elo d'Marlen Reusser, 16 Sekonne virum Elisa Longo Borghini. D'Nina Berton ass op der 64. Platz.
Klassement vun der 4. Etapp
1 Gigante Sarah AG Insurance - Soudal Team 3:56:22
2 Longo Borghini Elisa UAE Team ADQ 0:25
3 Reusser Marlen Moviestar Team ,,
4 Niedermaier Antonia CANYON//SRAM zondacrypto 0:34
5 Rooijakkers Pauliena Fenix-Deceuninck 0:50
...
62 Berton Nina EF Education-Oatly 14:57
De General
1 Reusser Marlen Moviestar Team 9:38:06
2 Longo Borghini Elisa UAE Team ADQ 0:16
3 Gigante Sarah AG Insurance - Soudal Team 0:34
4 Niedermaier Antonia CANYON//SRAM zondacrypto 1:03
5 Rooijakkers Pauliena Fenix-Deceuninck 1:48
...
64 Berton Nina EF Education-Oatly 19:31