Keen Tour, mä dofir grouss Victoire an Éisträich
De Lëtzebuerger huet senger Ecurie domadder gewisen, datt et e Feeler war, hien net fir den Tour de France ze nominéieren.
E Sonndeg de Mëtteg huet de Bob Jungels no 144 Kilometer ronderëm Feldkirch déi leschten Etapp vum Tour duerch Éisträich gewonnen. De Profi vun Ineos ass no 43 Kilometer en solitaire ukomm. Et war déi 27. Victoire a senger Karriär an den éischte Succès bei de Profien zanter de 10. Juli 2022 am Tour de France.
"Et war eng grouss Erliichterung". De Bob Jungels huet domadder senger Formatioun Ineos gewisen, dass et e Feeler war, de Lëtzebuerger an der leschter Sekonn net fir den Tour de France ze nominéieren.
Fir de Bob Jungels ass den Zweekampf tëschent dem Tadej Pogacar an dem Jonas Vingegaard am Tour de France nach net eriwwer. Déi zwou lescht Woche wieren immens schwéier an do kéint nach vill passéieren, och wann de Weltmeeschter Pogacar am Moment immens staark wier.
De Bob Jungels wëll nom Tour duerch Polen awer onbedéngt bei der Vuelta un den Depart goen, "dann hoffentlech mat der selwechter gudder Form, déi ech elo hunn". Dann wier och beim leschte Grand Tour vun der Saison e gutt Resultat méiglech.