Marie Schreiber fiert zäitgläich mat Gewënnerin Charlotte Kool iwwer d'Arrivée

© Roland Miny / pressphoto (Archiv)
En Donneschdeg ass et op der 1. Etapp vum Tour duerch d'Belsch iwwer 127 Kilometer vu Jabekke op Knokke-Heist gaangen.
Op der 1. Etapp vum Baloise Ladies Tour gouf et eng Victoire am Massesprint fir d'Hollännerin Charlotte Kool. Si huet sech virun der Italieenerin Chiara Consonni an hirer Landsfra Nienke Veenhoven behaapt.
D'Marie Schreiber ass an der nämmlechter Zäit wéi d'Gewënnerin am Peloton als 51. iwwer d'Arrivée gefuer.
Am General steet d'Kool mat enger Avance vun aacht Sekonnen op d'Brittin Zoe Backsted un der Spëtzt. D'Lëtzebuerger Championne ass déi 4. op 13 Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
1 Charlotte Kool – Team Picnic PostNL 3:02:50
2 Chiara Consonni – CANYON//SRAM Racing ,,
3 Nienke Veenhoven – Team Visma | Lease a Bike ,,
4 Maike van der Duin – Canyon//SRAM Racing ,,
5 Karlijn Swinkels – UAE Team ADQ ,,
6 Femke Markus – Team SD Worx ,,
7 Anna Henderson – Team Visma | Lease a Bike ,,
8 Marthe Truyen – AG Insurance – Soudal Team ,,
9 Daria Pikulik – Human Powered Health ,,
10 Kristen Faulkner – EF Education-Cannondale ,,
...
51. Marie Schreiber – Team SD Worx ,,
De General
1 Charlotte Kool – Team Picnic PostNL 3:02:50
2 Zoe Bäckstedt CANYON//SRAM Racing +0:08
3 Ellen van Dijk – Lidl - Trek +0:10
4 Marie Schreiber – Team SD Worx +0:13
5 Marthe Goossens – AG Insurance - Soudal Team +0:14