Mathieu van der Poel muss wéinst Longenentzündung opginn

© AFP
Um Dënschdeg de Moien ass et d'Nouvelle, dass de Mathieu van der Poel net méi un den Depart vun der 16. Etapp am Tour de France geet.
Dat huet säin Team Alpecin-Deceuninck matgedeelt.
De Vëlosprofi hat déi lescht Deeg scho Symptomer vun enger Gripp. Um zweete Roudag huet säi Gesondheetszoustand sech däitlech verschlechtert. Nodeems en e Méindeg den Owend och nach Féiwer kritt huet, koum e fir eng Kontroll an d'Spidol an de Centre Hospitalier vun Narbonne. Hei hunn d'Dokteren eng Longenentzündung festgestallt.
No Récksprooch mam medezinesche Staff gouf decidéiert de Mathieu van der Poel aus der Course ze huelen. E soll sech elo mol eng Woch schounen, an da gi weider Analyse gemaach, fir déi weider Schrëtt ze decidéieren.
No der 15. Etapp loung de van der Poel op Plaz 41 am Generalklassement. An der Sprintwäertung louch hien op Plaz 3 mat 210 Punkten. Leader hei ass aktuell de Jonathan Milan mat 251 Punkten, virum Tadej Pagacar mat 223 Punkten.