Marianne Vos wënnt éischt Etapp - Matfavoritin Reusser muss opginn

© JULIEN DE ROSA / AFP
Op der éischter Etapp ass et iwwer 78,8 Kilometer vu Vannes op Plumelec gaangen.
Déi éischt Etapp vum Tour de France Femmes war bis zum Schluss spannend. D'Marianne Vos vum Team Visma | Lease a Bike ass op de leschte Meter nach laanscht hir Coequipière Pauline Ferrand-Prévot gesprint an huet sech d'Victoire geséchert. Si huet domadder och de Giele Maillot no der éischter Etapp op hire Schëlleren.
Bis e puer Meter virun der Arrivée hat et no enger Victoire vum Ferrand-Prévot ausgesinn. D'Paris-Roubaix-Gewënnerin hat an der Schlussmontée, eng 600 Meter virun der Arrivée attackéiert a war e relativ grousst Lach op de Peloton erausgefuer. D'Franséisin ass awer nach op de leschte Meter vun der Hollännerin Marianne Vos an der Mauritierin Kimberley Le Court Pienaar iwwerholl ginn.
Visma | Lease a Bike huet um Enn vun der éischter Etapp den Tempo am Peloton kloer uginn. Si wollten domadder Attacke verhënneren. Um Enn si se mat der Victoire belount ginn.
Op der éischter Etapp gouf et op Grond vun der schwéierer Arrivée och schonn éischt Ofstänn. D'Demi Vollering (FDJ – Suez) huet dräi Sekonne verluer, d'Puck Pieterse (Fenix-Deceuninck) an d'Anna van der Breggen (SD Worx-Protime) haten e Retard vu fënnef Sekonnen a fir d'Elisa Longo Borghini war et esouguer e Réckstand vun 52 Sekonnen.
D'Ekipp Movistar huet op der éischter Etapp hir Kapitänin Marlene Reusser verluer. D'Schwäizerin, déi zanter dem Giro ënner Mo-Probleemer leit, huet no 68 Kilometer missen opginn.
D'Klassement vun der Etapp
1 Vos Marianne Team Visma | Lease a Bike 1:53:03
2 (Le Court) Pienaar Kimberley AG Insurance - Soudal Team ,,
3 Ferrand-Prévot Pauline Team Visma | Lease a Bike ,,
4 Niewiadoma Katarzyna CANYON//SRAM zondacrypto ,,
5 Vollering Demi FDJ - SUEZ 0:03
6 Pieterse Puck Fenix-Deceuninck 0:05
7 van der Breggen Anna Team SD Worx - Protime ,,
8 Jansen Eline VolkerWessels Cycling Team 0:09
9 Rooijakkers Pauliena Fenix-Deceuninck ,,
10 Georgi Pfeiffer Team Picnic PostNL ,,
De General
1 Vos Marianne Team Visma | Lease a Bike 1:52:53
2 (Le Court) Pienaar Kimberley AG Insurance - Soudal Team 0:04
3 Ferrand-Prévot Pauline Team Visma | Lease a Bike 0:06
4 Niewiadoma Katarzyna CANYON//SRAM zondacrypto 0:10
5 Vollering Demi FDJ - SUEZ 0:13
6 Pieterse Puck Fenix-Deceuninck 0:15
7 van der Breggen Anna Team SD Worx - Protime ,,
8 Jansen Eline VolkerWessels Cycling Team 0:19
9 Rooijakkers Pauliena Fenix-Deceuninck ,,
10 Georgi Pfeiffer Team Picnic PostNL ,,