E Freideg ass et op der Kinneksetapp vum Renewi Tour iwwer 181 Kilometer vun Aalter op Geraardsbergen gaangen.

De Mathieu van der Poel huet déi 3. Etapp vum Renewi Tour gewonnen. Op der 181,8 Kilometer laanger Kinneksetapp huet den Hollänner sech am Biergopsprint virum Belsch Arnaud De Lie behaapt. Drëtten ass den Tim Wellens ginn. De Belsch hat e Retard vun 12 Sekonnen. Déi dräi Coureure waren Deel vum Spëtzegrupp, dee sech ronn 30 Kilometer virum Zil aus dem Peloton ofsetze konnt. De Sprint ëm déi véiert Plaz huet den Hollänner Tibor del Grosso fir sech entscheet.

Fir de Mathieu van der Poel war et déi sechst Victoire an dëser Saison, an den éischte Succès zanter sengem Out am Tour de France.

Aus Lëtzebuerger Siicht war et kee gudden Dag. Den Alex Kirsch (Probleemer mam Mo) an de Kevin Geniets sinn d'Etapp net op en Enn gefuer. De Michel Ries ass den 78. op 12 Minutten an 32 Sekonne ginn.

Am General läit elo den Arnaud De Lie mat engem Virsprong vun enger Sekonn op de Mathieu van der Poel a Féierung. De Michel Ries ass den 122. op 34 Minutten an 53 Sekonnen.

Top10 vun der Etapp

1 van der Poel Mathieu Alpecin - Deceuninck 3:50:53
2 De Lie Arnaud Lotto ,,
3 Wellens Tim UAE Team Emirates - XRG 0:12
4 Del Grosso Tibor Alpecin - Deceuninck 0:34
5 Bettiol Alberto XDS Astana Team ,,
6 Wright Fred Bahrain - Victorious ,,
7 Laurance Axel INEOS Grenadiers 0:42
8 Vermeersch Gianni Alpecin - Deceuninck ,,
9 Bittner Pavel Team Picnic PostNL ,,
10 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike ,,
...
78 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 12:32
DNF Geniets Kevin Groupama - FDJ
DNF Kirsch Alex Lidl - Trek

De General

1 De Lie Arnaud Lotto 11:05:47
2 van der Poel Mathieu Alpecin - Deceuninck 0:01
3 Wellens Tim UAE Team Emirates - XRG 0:21
4 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike 0:50
5 Wright Fred Bahrain - Victorious ,,
6 Del Grosso Tibor Alpecin - Deceuninck 0:52
7 Bettiol Alberto XDS Astana Team ,,
8 Bittner Pavel Team Picnic PostNL 0:54
9 Madouas Valentin Groupama - FDJ 0:58
10 Naesen Oliver Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:59
...
122 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 34:53