Dëschtennis-Ekippe-WMFir d'Lëtzebuerger Dammen war géint Japan Schluss

RTL Lëtzebuerg
Bis an d'Aachtelsfinalle sinn d'Lëtzebuerger Dëschtennis-Damme bei der Ekippe-WM zu London komm.
Archiv-Foto
© AFP

Op der Ekippen-Weltmeeschterschaft am Dëschtennis zu London huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp e Mëttwoch d'Aachtelsfinalle géint d'Japanerinne gespillt. D'Dammen aus Asien waren héich favoriséiert, mat direkt 5 Spillerinnen aus den Top-15 op der Welt.

Dohier ass et net verwonnerlech, datt d'Lëtzebuergerinnen, déi nach en Dënschdeg Brasilien iwwerraschend konnte klappen, hei mat enger 0:3-Néierlag aus dem Match gaange sinn an esou aus dem Turnéier eliminéiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO