Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Guy Hellers.

Mam fréiere Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer hu mer ënnert anerem iwwer d’Futtballweltmeeschterschaft am Katar an iwwert d’Iwwerraschungsekipp Marokko geschwat. Da feiert de Standard Léck awer och d’nächst Joer säin 125. Anniversaire. De Guy Hellers huet 17 Joer do gespillt a war 5 Joer Kapitän. Et ass awer och drëms gaangen, wat de fréieren Directeur sportif général vum F91 Diddeleng hautdesdaags mécht.

Drëtt Hallschent: Episod 93 (Guy Hellers)

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.