Dës Woch ass de Raphael Duarte Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk.

De Co-Trainer vum SV Elversberg aus der zweeter däitscher Bundesliga stoung virun enger Woch nach an der Relegatioun géint Heidenheim. Am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer geet hien drop an, wéi ee mat der Néierlag ëmgaangen ass, den decisive Gol fir Heidenheim war eréischt an der Nospillzäit gefall.
 
Aarbecht als Co-Trainer
 
Den 28 Joer jonke Lëtzebuerger gëtt en Abléck a seng Aarbecht als Co-Trainer vum Horst Steffen. Wéi een déi verschidde Géigner analyséiert, een Training am Profi-Beräich plangt a wéi wichteg et ass, dee richtegen Ëmgank mat Spiller ze fannen.
 
Spannung an der zweeter Liga
 
Déi lescht Saison war mat déi spannendst, déi et bis elo an der zweeter Liga gouf. Iwwer Woche koumen 7-8 Ekippen a Fro, fir nach ëm den Opstig matzespillen. Am Podcast erzielt de Raphael Duarte, wéini ee bei Elversberg esou richteg un de Sprong an déi éischt Bundesliga gegleeft huet.
 
Relatioun zu Kanech
 
Mat 22 Joer gouf hien am Dezember 2018 Trainer vu Kanech an der Éierepromotioun. Mat der Jeunesse vun der Musel huet hie bis haut eng speziell Relatioun. Kanech ass e Sonndeg an d‘BGL Ligue opgestigen. De Raphael Duarte ass der Meenung, datt een am Lëtzebuerger Championnat awer misst doriwwer nodenken, wéi een et nees méi interessant kéint gestalten.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 194: Raphael Duarte
RTL