Formel 1De Max Verstappen séchert sech d'Pole Position a Malaysia

RTL Lëtzebuerg
Hannert dem Hollänner ginn e Sonndeg de Lewis Hamilton an de Kimi Antonelli un den Depart.
De Max Verstappen konnt sech a Malaysia d'Pole sécheren.
De Max Verstappen konnt sech a Malaysia seng éischt Pole vun der Saison sécheren.
© JADE GAO / AFP

Wéinst der aktueller Situatioun am Mëttleren Oste gëtt de Grousse Präis vum Bahrain an der Formel 1 dëse Weekend ausnamsweis am tropesche Malaysia um Sepang International Circuit gefuer. Am Qualifying e Samschdeg de Moien ass dem Max Verstappen hei mat enger Zäit vun 1:35.130 déi séierste Ronn gelongen.

Hannert dem Red-Bull-Pilot ginn de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton (Ferrari) an de WM-Leader Kimi Antonelli (Mercedes) un den Depart. Den Isack Hadjar op Red Bull ass zwar déi drëttséierste Ronn gefuer, wéinst enger Grid-Strof vu 5 Plazen start hien awer e Sonndeg vu Plaz 8.

Hannendrun huet de Charles Leclerc (Ferrari) et virun déi zwee McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri gepackt. Fir den George Russell am Mercedes war et mat Plaz 8 dogéint en enttäuschende Qualifying. D'Plazen 9 an 10 si fir de Pierre Gasly (Alpine) an de Gabriel Bortoleto (Audi).

Am Q1 goufen déi zwee Cadillac-Coequipieren Bottas a Perez an och den Haas-Duo Bearman an Ocon eliminéiert. Cadillac bleift domat déi eenzeg Ecurie, déi et dës Saison nach ni aus dem Q1 eraus gepackt huet. Och fir den Albon (Williams) a fir den Hülkenberg (Audi) war de Qualifying a Malaysia no den éischten 18 Minutte schonn eriwwer.

Nom Q2 war Schluss fir de Colapinto (Alpine) an de Lindblad (Racing Bulls), allebéid starte wéinst Grid-Strofen awer e Sonndeg souwisou vun de leschte Plazen. Och de Lawson (Racing Bulls), de Sainz op Williams an déi zwee Aston-Martin-Piloten Alonso a Stroll hunn den Auto mussen an der Garage ofstellen.

Am Q3 war virun allem am éischte Secteur kee Kraut géint dem Max Verstappen seng Zäite gewuess. Um Enn kann den Hollänner sech mat enger Avance vu knapp 3 Zéngtel op den Hamilton am Ferrari behaapten.

D'Course kënnt Dir e Sonndeg de Moien vun 8:30 Auer u live op RTL ZWEE an um RTL Play kucken. Den Depart ass fir 9:00 Auer festgeluecht.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 2026 Kalenner

FORMULA 1 GULF AIR BAHRAIN IN MALAYSIA GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO