E Sonndeg ass Feierdag am Aserbaidjan, dofir huet d’Formel 1 hiren Zäitplang ëm een Dag no vir geréckelt. Fir de Spektakel um Circuit mécht dat awer keen Ënnerscheed: eng éiweg laang Ligne Droite, kombinéiert mat verwénkelte Passagen duerch d’Alstad vu Baku. Iwwerhuelen ass méiglech, mee Feeler ginn direkt bestrooft an de Safetycar-Risiko ass héich. Dat versprécht opreegend Courssen. Mercedes ass grousse Favorit, den Antonelli kéint fir eng wichteg Virentscheedung suergen. Mee zu Baku ass scho méi wéi ee WM-Dram geplatzt …
Suivéiert de FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Commentaire: Tom Hoffmann
Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.
Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.
Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play
Donneschdeg, 24. September 2026: 10h25 – 11h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Donneschdeg, 24. September 2026: 13h55 – 15h05
Commentaire: Tom Hoffmann
Freideg, 25. September 2026: 10h25 – 11h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Freideg, 25. September 2026:
Ufank vun der Emissioun: 13h55
Start vun der Qualifikatioun: 14h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 15h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Samschdeg, 26. September 2026:
Ufank vun der Emissioun: 12h20
Depart vun der Course: 13h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 15h15
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl
24. bis 26. September: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2026
Baku City Circuit - Azerbaijan
9. bis 11. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026
Marina Bay Street Circuit - Singapore
23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States
30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico
6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil
20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas
27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar
4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi