Grousse Präis vum AserbaidjanMercedes och um virverluechte Baku-Weekend grousse Favorit

Serge Pauly
De Baku-Grand-Prix ass wéinst engem Feierdag op e Samschdeg virverluecht ginn. Un der sportlecher Situatioun ännert dat net vill. Mercedes kënnt als Favorit op dësen extreme Stadcircuit.
D'Skyline vu Baku.
D'Skyline vu Baku.
© Alberto Crippa

De 27. September ass Feierdag am Aserbaidjan. Da gëtt un déi Zaldoten erënnert, déi am zweete Bergkarabach-Krich 2020 géint Armenien hiert Liewe gelooss hunn. Fir dës Commemoratioun ze respektéieren, huet d’F1 hiren Zäitplang ëm een Dag no vir geréckelt. Trainingen en Donneschdeg, d'Qualifikatioun e Freideg, d'Course e Samschdeg.

Mat Baku steet no Madrid direkt erëm ee Stadcircuit am Kalenner. Pilote wéi Fans ware sech virun 10 Deeg zimmlech eens: Déi éischte Course an der spuenescher Haaptstad war eng Enttäuschung. Um Madring huet et einfach un Iwwerhuelméiglechkeete gefeelt. Mee wat zu Madrid gefeelt huet, gëtt et zu Baku meeschtens am Iwwerfloss: Spektakel, Fuerfeeler, Iwwerhuelmanöver. Well Stadcircuit ass net gläich Stadcircuit, wéi den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl ënnersträicht:

„Baku ass ee Circuit mat zwee Gesiichter. Eng extrem laang Riicht, an dann ee verwénkelten Deel ronderëm d’Alstad. Ganz kloer gëtt do net iwwerholl, mee do kënne Feeler passéieren, déi zu engem Safety Car kënne féieren. Mee virun allem déi laang Riicht, no enger lueser Kéier, op en anstännege Bremspunkt, ass quasi d’Garantie fir en Iwwerhuelmanöver ze preparéieren an z’exekutéieren. Et ass wierklech z’erwaarden, dass do erëm méi Rennaktioun ass, wat déi lescht Course um Madring net de Fall war.“

Zu Baku ass alles méiglech: de Sainz fiert 2025 mam Williams op de Podium.
Zu Baku ass alles méiglech: de Sainz fiert 2025 mam Williams op de Podium.
© FOM Steve Domenjoz

Baku erënnert vum Streckeprofil hir éischter u Monza wéi u Madrid. A beim Grousse Präis vun Italien konnt Alpine am Quali mat hirer extrem effizienter Aerodynamik optrompen, wärend Mercedes duerno an der Course alles dominéiert huet. Den Dominique Riefstahl brauch net laang z’iwwerleeën: Mercedes ass och zu Baku grousse Favorit:

„Den Auto huet gudden Topspeed, de Motor ass potent, et gëtt kee Grond zu Baku net en änlechen Zenario wéi zu Monza ze gesinn. D’Fro ass allerdéngs, wien sech duerno op Plaz 2 oder Plaz 3 klasséiert. Do ass d’Equatioun vill méi schwéier. McLaren huet Progrèse beim Topspeed gemaach, Ferrari ass do - wann alles gutt funktionéiert - erëm bei der Musek… Do gesinn ech et schwéier, déi zwee auserneen ze halen."

An der WM leeft am Moment alles fir de Kimi Antonelli. Den Italiener huet zu Madrid vum McLaren-Safety-Car-Pech profitéiert fir seng 8. Victoire dës Saison ze feieren a seng Avance an der Tabell op 81 Punkten auszebauen. Esouguer wa säin Teamkolleeg Russell elo nach all Course bis Enn vun der Saison gewanne géif, ginn dem Antonelli zweet Plazen duer. Och eisen Expert kënnt zur Conclusioun: De Russell kann et net méi aus eegener Kraaft packen:

„Hie brauch Pech an Aussetzer vum Antonelli, fir iwwerhaapt seng eege Chance um Liewe kënnen ze halen. En plus huet hie méi staark Konkurrenz, doduerch dass de Lando Norris hautzedaags wesentlech méi ëm déi éischt Plaze kämpft an och de Verstappen ëmmer um Podium dobäi ass. Dat sinn alles wäertvoll Punkten, déi dem Russell verluer ginn. Ech gesinn do net, wéi do iergendeen dem Antonelli de Fouss stelle kann."

D'Maueren um Circuit zu Baku verzeie keng Feeler.
D'Maueren um Circuit zu Baku verzeie keng Feeler.
© FOM Mario Renzi

Mee keng Streck eegent sech besser, fir sech selwer e Fouss ze stelle wéi Baku. D’lescht Joer hat de Piastri hei ee schwaarze Weekend erlieft, seng spektakulär Ophueljuegd op den Norris war domadder eriwwer. Oder 2021: Dem Verstappen platzt de Pneu, a beim Restart dréckt den Hamilton de falsche Knäppchen… Méi wéi ee WM-Dram ass zu Baku scho geplatzt!

Den Dominique erkläert: de Stadcircuit vu Baku

An Horrorfilmer ass et jo dacks esou: Grad wann alles nees roueg an normal schéngt, kënnt de Killer aus dem Näischt zeréck. Genee esou ass et zu Baku mam Energie-Management. Déi lescht Coursse war et kaum nach e grousst Thema – am Fong zënter Spa am Juli net méi. Mee elo ass et zeréck, an zwar mat voller Wucht.

Déi extrem laang Riicht zu Baku ass mat enger eenzeger Batterieluedung net komplett ofzedecken. Am Qualifying ass dat fir jiddereen d'selwecht. Et geet virun allem drëm, wéi séier den Auto säin Top-Speed erreecht a wéi gutt en dee bis un d'Enn vun der Riichter bäibehale kann.

An der Course gëtt et méi komplizéiert. Den Overtake-Modus kéint dofir suergen, datt erëm Jojo-Racing entsteet. Autoe benotzen hir Energie fir unzegräifen oder sech ze verdeedegen, mussen duerno awer nees spueren. D'Ingenieuren hunn do sécher Dausende Simulatioune lafe gelooss, fir erauszefannen, wéini a wou ee seng Energie am cleversten asetzt. Zu Baku kéint also net nëmmen de séiersten Auto entscheedend sinn, mee och deen, dee seng Ressourcen am beschte geréiert.

Beim Setup ass d'Aufgab e bësse méi kloer. Baku besteet gréisstendeels aus mëttel-luese Kéieren, vill dovunner klassesch 90-Grad-Kéieren, bei deenen eng gutt Traktioun wichteg ass. Dobäi bleift den übleche Stad-Streck-Kompromëss: Den Auto muss präzis a flénk sinn, fir geschéckerlech duerch de ganz enken Deel ronderëm d'Citadelle ze kommen, awer gläichzäiteg stabil, datt den Hënner beim Erausbeschleunegen net all Kéier Bekanntschaft mat der Mauer mécht.

Dank den zwee Flillek-Modi hunn d'Autoen dëst Joer awer däitlech méi Appui zur Verfügung wéi fréier. Fir d'Pilote bedeit dat virun allem méi Stabilitéit beim Bremsen an an deene Passagen, wou de Grip limitéiert ass.

Den Tracé vum Stadcircuit duerch Baku.
Den Tracé vum Stadcircuit duerch Baku.
© Mercedes-AMG Petronas F1 Team

Baku ass awer net nëmmen eng Erausfuerderung fir Auto a Batterie. Et ass och den Ufank vun engem Triple-Header. Dat heescht: Och mat de mënschleche Ressourcë muss clever ëmgaange ginn, Mecaniciene kann een am Géigesaz zu Batterien nuets net einfach un de Stecker hänken.

Datt d'Course zu Baku ausnamsweis um Samschdeg ass, kënnt den Equippen do entgéint, well domat en zousätzleche Roudag méiglech gëtt. Trotzdeem steet vill Reesen um Programm, mat ville Wiesselen tëscht Zäitzonen. An heiansdo ass déi „intern Auer“ souguer méi komplizéiert wéi d'Rees selwer. Zu Singapur gëtt zum Beispill nom normalen Europa-Rhythmus gelieft. Dat kann de Kierper iwwer esou eng intensiv Phas zousätzlech belaaschten.

Grad an engem Triple-Header geet et dofir net méi just ëm Performance um Circuit. Schlof, Erhuelung, Ernärung an d'Gestioun vum Jetlag ginn Deel vun der Performance. Equippen, déi do mat spezialiséierte Human-Performance-Partner schaffen, kënnen also och nieft der Streck wäertvoll Virdeeler sichen.

Back to Top
CIM LOGO