Formel 1Franco Colapinto fiert och 2027 fir Alpine

Tom Nols
De Pierre Gasly, deen d'lescht Joer säin Alpine- Kontrakt laangfristeg verlängert hat, behält d'nächst Saison säin argentineschen Teamkolleeg Franco Colapinto.
De Franco Colapinto behält 2027 säin Alpine-Cockpit
De Franco Colapinto behält 2027 säin Alpine-Cockpit.
© ANDREA DIODATO/NurPhoto via AFP

Nodeems Williams viru kuerzem hir Piloten Alex Albon a Carlos Sainz fir 2027 confirméiert hunn an och de Max Verstappen bei Red Bull verlängert huet, ass elo och de Franco Colapinto bei Alpine bestätegt ginn. Domat wäert d'Ekipp vun Enstone d'nächst Joer mat den nämmlechte Pilote wéi dëst Joer un den Depart goen.

No engem méi schwieregen Ufank 2025 konnt den Argentinier sech d'lescht Joer steigere mat 6 Topp-10-Placéierungen. Säin Debut hat de Franco Colapinto, dee finanzstaark Sponsoren aus der Heemecht am Réck huet, 2024 zu Monza bei Williams gefeiert. Säin neie Kontrakt wäert bis Enn 2027 goen.

An dëser Saison läit de Colapinto no 12 Coursse mat 19 Punkten op der 12. Plaz vum Generalklassement. Säi franséischen Teamkolleeg Pierre Gasly ass 10. mat 44 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO