Grousse Präis vu ChinaGëtt Shanghai eng weider Mario-Kart-Course?

Serge Pauly
Déi leschte Course ass knapp verdaut, do steet dëse Weekend schonn de China-GP um Programm. Thema Nummer 1 am F1-Zirkus bleift den Energie-Management.
De Max Verstappen ass net begeeschtert vun den neie Reegelen
© JADE GAO/AFP

Zu Melbourne gouf et duerch déi nei Reegelen zwar e puer spannend Dueller, mee d’Pilote kënne sech nach ëmmer net domadder ufrënnen. Am Virfeld vum China-Grand-Prix waren si sech quasi all eens: Déi nei Spannung wier ze vill kënschtlech, dat alles géif ze vill u Mario Kart erënneren. Zu de gréisste Kritiker gehéiert de Max Verstappen. Dee sot en Donneschdeg de Moien op der Pressekonferenz, dass hien esouguer seng Trainingsmethoden ugepasst hätt: “Ech hunn eng méi bëlleg Léisung fonnt. Ech hunn de Simulator géint meng Spillkonsol getosch, an ech üben elo e bësse Mario Kart. Fir d’Champignonen ze kréien, dat klappt scho ganz gutt. Dee bloe Panzer ass nach e bësse méi schwiereg, mee ech schaffen drun.“

Och um Circuit vu Shanghai mat senger éiweg laanger Ligne droite kéint de richtegen Energie-Management eng grouss Erausfuerderung ginn. Dass China e Sprint-Weekend ass, dass et also nëmmen ee fräien Training gëtt, fir Auto a Motor anzestellen, spillt fir den Energie-Setup awer keng gréisser Roll. Déi Astellunge kéinten d’Ecurië gutt an hirem Simulator erausfannen, esou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.

Beim Saisonsoptakt zu Melbourne hat Mercedes definitiv de beschten Auto. Mee Ferrari war iwwerraschend no drun, stoung sech nëmme mat enger schlechter Strategie selwer am Wee. Red Bull a McLaren haten an Australien mat Graining ze kämpfen. Den Dominique Riefstahl rechent och fir China mat engem Dräi- bis Véierkampf tëschent dësen Ecurien. Mee wann et drop ukënnt, setzt eisen Expert dës Kéier alles op Rout. Melbourne hätt gewisen, dass Ferrari am Moment déi besser Aerodynamik huet, an déi spillt zu Shanghai eng wichteg Roll.

Virun allem de Lewis Hamilton wäert dëse Weekend besonnesch motivéiert sinn. Hien ass déi lescht Deeg duerch China gereest, an huet op senge sozialen Netzwierker vu Land a Leit geschwäermt. An hien huet gutt Erënnerungen u Shanghai. Net nëmmen, dass hie scho sechs mol de Grand-Prix gewonnen huet. D’lescht Joer konnt hien hei mat der Sprint-Victoire säi bis elo beschte Ferrari-Resultat realiséieren.

Den Dominique erkläert: de Shanghai International Circuit

De Shanghai International Circuit huet stiliséiert d’Form vum chineeseschen Zeeche Shàng (上), dat ënner anerem Progrès an Opstig symboliséiert. Genee esou Fortschrëtter däerfe mir och vun dëser Course un erwaarden. Mat de jonke Reegelen ass d’Léier- an Entwécklungsvitess immens héich an d’Autoe maache vu Course zu Course siichtbar Schrëtt no vir. D’Ingenieure léieren ëmmer besser mam Material ëmzegoen, an d’Entwécklungsteams hunn déi éischt Inspiratiounen aus de Wantertests schonn an nei Hardware ëmgesat. Gläichzäiteg suergt de Sprint-Format dofir, datt nëmmen déi Updates op den Auto kommen, déi bal sécher och wierklech e Plus u Leeschtung bréngen. Mir si gespaant, ob bei Ferrari fir dësen Zweck nees den Dönergrill ugehäit wäert ginn.

Déi nei Reegelen hunn awer och fir vill Commentairen, Meenungen a Kontroversë gesuergt. Vun “ze vill Micky Maus” respektiv “Mario Kart” bis hin zu iwwer 250 Iwwerhuelmanöver op der éischter Course. Jidderee kann sech seng eege Meenung bilden, mee kloer ass, datt d’Reegele polariséieren. D’FIA hëlt de Feedback vu Fans, Piloten an Teams deelweis un, wëll awer eréischt no China kucken, ob an eventuell wéi reagéiert gëtt.

D’FIA huet decidéiert, déi séier Passagen T7 an T8 als Kéieren ze klasséieren, de “Straight Mode” dierf do also net aktivéiert ginn. Dat wäert wuel erëm fir Diskussioune suergen, well d’Ecurien aus Suerg, d’Batterie ze séier eidel ze fueren, do méiglecherweis maximal Recuperatioun astellen. Dat kéint dozou féieren, datt d’Autoen – änlech wéi am T9/10 zu Melbourne – an dësem Abschnitt nëmme mat ronn 150 kW Undriff fueren. Gläichzäiteg géif dat awer de schonn extrem strapazéierte viischte Pneu op d’mannst e bëssen entlaaschten.

Op engem Tracé, dee souwisou schonn eng Tortur fir de viischte lénke Pneu ass an zousätzlech relativ neie Makadamm huet, ass Graining bal virprogramméiert. Zu Melbourne um C3 hate Red Bull a McLaren ze vill dervun a waren an der Liewensdauer vum Pneu däitlech méi limitéiert wéi Ferrari a Mercedes. Fir Shanghai muss dat adresséiert ginn, well dëse Circuit nach méi front-laaschteg ass. Dobäi kënnt, datt de viischte Pneu op der Achs nach méi schmuel ass wéi 2025 am Verglach zum hënneschten, wat d’Problematik weider verschäerft.

Och d’Wieder ass éischter op der killer Säit an domat kéint “uma-graining” (dat ass laut menge Kanner: “ultra mega graining”) ganz séier um Menü stoen.

© Mercedes-AMG Petronas F1 Team

Back to Top
CIM LOGO