Grousse Präis vun AustralienVill technesch Pannen am Fräien Training

Serge Pauly
Seele gouf esou ongedëlleg op déi nei Formel-1-Saison gewaart wéi dëst Joer. De Moie fréi war et dunn esouwäit: d'Autoe goufe fir den éischten offiziellen Training op d'Streck gelooss.
© MARCEL VAN DORST/NurPhoto via AFP

Motoren, déi vum selwen ausginn. Piloten déi vun der Piste ofkommen, well hire Motor komesch Saache mécht. Ongewéinlech vill Ecurien haten e Freideg de Moien nach mat de Kannerkrankheete vun den neien Hybridmotore ze kämpfen. Pilote wéi Ingenieuren musse sech nach un deen neie Undriff gewinnen, an un deen extrem komplexen Energie-Management.

De Williams-Pilot Carlos Sainz erkläert: “Et ass eng Erausfuerderung. Well du denks déi ganzen Zäit driwwer no, wéi s Du am mannsten Energie verbëtzt, respektiv am meeschten erëm recuperéiers. Well mir sinn eigentlech zimmlech gurmangseg, dat ass alles net einfach, virun allem hei zu Melbourne.” Well Melbourne ass ee Vollgas-Circuit. Et gi relativ wéineg Kéieren, wou een d’Batterie erëm luede kann.

Et sinn déi grouss Ecurien, déi deen Energie-Management am beschte meeschteren. Am éischte fräien Training waren d’Ferrari déi séierst (Leclerc virun Hamilton), an am zweete fräien Training ass de Piastri op McLaren d’Beschtzäit gefuer. Mee RedBull (Verstappen op P3 am éischten Training) a Mercedes (P2 a P3 am zweeten Training) sinn no drun.

Gutt geschloen huet sech och den eenzege Rookie am Feld. Den Arvid Lindblad fiert Top10-Zäite a schléit esouguer säi Racing-Bulls-Teamkolleg Liam Lawson. Och dem Max Verstappen säin neien Teamkolleg Isaak Hadjar konnt duerchaus mam Hollänner mathalen.

Krisestëmmung dogéint bei Aston Martin. Déi Gréng kommen einfach net a Schwong. Den neien Honda-Motor vibréiert esou staark, dass d’Piloten an den Auto dat net packen. Den Teamchef an Designer Adrian Newey warnt, dass et elo schonn un Ersatzstécker feelt: “Mir hu keng Batterië méi. Mir hunn der nach zwou iwwreg. Déi zwou, déi elo an den Autoe sinn. Wa mir eng dovunner verléieren, hu mir e richtege Problem. Dofir musse mir elo ganz gutt drop oppassen.” Am Kloertext: Aston Martin wäert d’Course net op en Enn fueren!

Et war och den éischten offiziellen F1-Optrëtt fir zwou renomméiert Autosmarken. Déi fuschnei US-Ecurie Cadillac muss hire Rhythmus awer nach fannen. Och wéinst technesche Problemer ware Bottas a Pérez éischter um Wupp vum Zäitenécran ënnerwee. Eng positiv Iwwerraschung dogéint ass Audi. Déi däitsch Mark huet d’Team Sauber iwwerholl a baut esouguer hiren eegene Motor. Bortoleto a Hülkenberg lande bei den éischten Trainingen am Mëttelfeld.

Back to Top
CIM LOGO