Grousse Präis vu JapanEnergiemanagement och zu Suzuka Thema Nummer 1

Serge Pauly
Dominique Riefstahl
Fir vill Piloten zielt Suzuka zu de beschte Circuiten op der Welt. Elo riskéiert den neien Energiemanagement, de Suzuka-Mythos ze verhonzen.
Dat berüümt Riserad nieft der Streck vu Suzuka
© MARCEL VAN DORST/NurPhoto via AFP

D’Pilote schwärmen alleguerte vu Suzuka. Et wier eng vun de ganz wéinege Strecken am Kalenner, wou een als Pilot nach d’Limitte vun engem moderne Formel-1-Auto wierklech spiere géif. Dat läit ënnert anerem un den “Esses”, enger Sequenz vun e puer ultra-séiere Kéieren direkt nom Depart. Mam néidege Courage ginn dës S-Kéiere voll. A wie se perfekt trëfft, gëtt mat engem gudde Chrono belount. Dëst Joer riskéieren dee Kick an déi Erausfuerderung awer zugonschte vum Energiemanagement geaffert ze ginn, well d’Pilote grad hei hir Batterie opluede mussen. Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl fäert, dass dat duerchaus ee realisteschen Zenario ass: “Et gëtt ee Risiko, fir en Deel vum Suzuka-Mythos einfach ze verhonzen.”

Eng gutt Nouvelle gëtt et awer. D’Formel 1 an d’FIA hunn um Donneschdegmoien annoncéiert, dass d’Reegele fir den Energiemanagement minimal ugepasst ginn. Am Qualifying gëtt d’Energie, déi een op engem Tour notzen däerf, an deemno och luede muss, vun 9 op 8 Megajoule erofgesat. Och wann et paradox klengt, mee doduerch sollen d’Piloten am Quali erëm méi attackéiere kënnen. Den Dominique Riefstahl hofft, dass déi normal Recuperatioun duergeet, fir d’Batterie voll ze lueden, an de sougenannte Superclipping op d’mannst am Qualifying net méi néideg ass.

Sportlech hätt d’Formel-1-Saison fir Mercedes net besser kéinten ufänken. Zwou Courssen, zwou duebel Poles, zwou duebel Victoiren. Och fir Suzuka gëtt Mercedes als grousse Favorit gehandelt. Ferrari kann nëmme mat frësche Pneue mathalen, McLaren huet nach ze vill technesch Problemer a bei Red Bull suergt de Max Verstappen mat sengem Frust iwwert déi nei Reegele fir schlecht Stëmmung. Virun allem an der Course ass de Mercedes-Package bis elo einfach iwwerleeën an déi kuerz Paus tëschent China a Japan war tendenziell ze kuerz, fir dass hir Konkurrenten e Freidegmueren am éischte fräien Training mat substantiellen Updates iwwerrasche kéinten.

Den Dominique erkläert: de Circuit vu Suzuka

De Partner-Circuit vu Spa ass a bleift eng vun de spektakuläerste Strecken um Kalenner. Well et net vill Auslafzonen nieft dem Circuit sinn, gi Feeler direkt cash bezuelt an de Safety-Car-Risiko klëmmt och.

Eng vun den Haaptfroe wäert sinn, wéi vill vun der Charakteristik vum Circuit duerch den Energiemanagement verluer geet. Wann d’Esses (T2-T7) net méi voll gefuer ginn, mee do mat 350kW recuperéiert gëtt, ass et keng Erausfuerderung méi, fir do eng propper Linn hin ze zauberen, well den Auto net un der Limitt ass. Bedéngt duerch déi zwou längste Riichte vum Circuit just virdrun ass dervun auszegoen, dass d’Batterie platt ass a muss voll getankt ginn, leider.

Sou oder sou bleift Suzuka awer e Chassis-Circuit: Vollgas gëtt haaptsächlech vu Spoon duerch d’130R bis an d’T1 erof verlaangt. De Rescht vun der Zäit sinn Upressdrock, eng gutt Balance an e prezisen Auto gefrot, fir déi ganz Streck kënnen auszenotzen an dat Meescht aus Auto a Pilot ze erauszehuelen. Aus Pneuesiicht ass d’Belaaschtung immens héich, well et laang a séier Kéiere sinn, mee d’Aachtche suergt dofir, dass de Verschläiss gläichméisseg op alle véier Pneue verdeelt gëtt.

Fréier war den hënneschte Spoiler en Diskussiounselement fir Suzuka a staark ofhängeg vun der Wandrichtung, op mat méi oder manner Downforce gefuer gouf. Elo ass mat Straight a Corner Mode d’Saach denkbar méi einfach ginn. Eng méi mëll Suspensioun, déi besser Traktioun erméiglecht, well se déi ganz Aerodynamik bei 300 net méi stäipe muss, ass och dran. Allerdéngs gëtt et och déi éischte Kéier, dass esou vill séier Passagen dobäi sinn, wat elo de meeschte Kontakt tëschent Holzbriet an dem Buedem verursaacht. Do sinn d’Ecurië sécher dankbar, dass et kee Sprint-Weekend ass, well soss wier et geféierlech, déi richteg Héicht iwwert dem Buedem anzestellen.

© Mercedes-Benz Grand Prix Limited

Back to Top
CIM LOGO