Krich am Noen OstenWEC am Katar ofgesot - F1-Optakt bis elo net a Gefor

Serge Pauly
D’Situatioun am Noen Osten huet och Auswierkungen op den Automobilsport. Den Optakt vun der WEC-Saison gouf elo ofgesot.
© Romain Scheffen

Enn Mäerz hätt d’Laangstrecke-Weltmeeschterschaft WEC am Katar hir éischt Course vun der Saison fuere sollten. Wéinst den aktuellen Evenementer am Noen Oste gouf déi WM-Manche elo annuléiert. D’WEC an de lokalen Organisateur sinn optimistesch, dass dës Course an der zweeter Hallschent vum Joer nogeholl ka ginn. Domadder fänkt d’WEC-Saison eréischt Mëtt Abrëll zu Imola un.

D’Formel 1 hält iwwerdeems un hire Pläng fir de Saisonoptakt fest. Déi dräi éischt F1-Coursse gi jo an Australien an an Asien (China respektiv Japan) gefuer. Déi meescht F1-Acteuren hunn zwar Krämpes bis op Melbourne ze kommen, well Dubai & Co. als Dréikräiz Richtung Australien ausfalen. D’Formel 1, d’Ecurien an d’Tëleeschaînë schaffen awer mat Héichdrock dorunner, esou vill Personal wéi méiglech op alternativ Vollen ëmzebuchen. Verschidde Mataarbechter mussen dofir esouguer en Ëmwee iwwert d’USA an Neiseeland a Kaf huelen a riskéieren nëmme kuerz virum éischte fräien Training am Albert Park vu Melbourne unzekommen. An den Teams gëtt schonn un Zenarie geschafft, fir de Saisonoptakt mat reduzéiertem Personal ze stemmen.

Nach gëtt et keng offiziell Kommunikatioun, mee och aus de Gespréicher mat F1-Leit ass kloer erauszehéieren, dass d’Kinneksklass determinéiert ass, de Saisonsoptakt net platzen ze loossen: “Egal ob mir prett sinn oder net – d’Autoe wäerten e Sonndeg fueren.”

Back to Top
CIM LOGO