
Chassis-säiteg ass et bal nach am einfachsten. Fir d’éischt d’Basis: D’Autoe gi méi kleng: d’Breet geet op 1,9 m erof (virdrun: 2 m), de Radstand verkierzt sech op 3,4 m (virdrun: 3,6 m), an d’Mindestgewiicht fält op 724 kg plus d’Pneuen (virdrun: 800 kg). Erwaart gëtt, datt véier Pneue mat Felge ronn 40 kg weien an doduerch déi nei Autoe ca. 30 kg méi liicht sinn, wéi déi lescht Generatioun. Dat definitiivt Gewiicht gëtt awer vum Pneuenhiersteller op Basis vun de Mëttelwäerter vun de Wantertester ermëttelt.
Anescht ausgedréckt: D’Autoe si méi kompakt an e bësse méi beweeglech. D’Pneue sinn och ëm 25 mm vir respektiv 30 mm hanne méi schmuel ginn. E méi schmuele Kontaktpunkt zum Buedem ass zwangsleefeg méi laang a bréngt méi Iwwerhëtzung mat sech.
Vu baussen am offensichtlechste sinn d’Aero-Reegelen. Et ginn zwee Modusse fir d’Aero:
Wéi en Deel vum Circuit a wéi ee Modus fält, bestëmmt d’FIA. Si kann dat och am Laf vum Weekend upassen an de Corner Mode aus Sécherheetsgrënn verlängeren, wann de Grip fält.
Wéinst deenen zwou Stellunge fir d’Flilleke mussen de Profil vum jeeweilege Spoiler op zwou Funktiounsweise gläichzäiteg optiméiert ginn:
Do gesäit een och déi gréisst Variatiounen an der aktueller Ëmsetzung vun deenen zwee Modussen. Déi verschidden Aarten, wéi d’Flilleke sech beweegen — erop, erof oder souguer komplett op d’Kopp dréinen — weisen, datt nach vill experimentéiert gëtt.
Den Ënnerbuedem vum Auto ass elo erëm platt an net méi wéi e Flillek geformt. Doduerch geet vill Appui verluer, mee den Auto ass beim Ausbrieche vill manner sensibel a besser ze kontrolléieren. “Porpoising”, also dat Hoppelen op der Riichter, däerfe mir och erëm aus eisem Vokabulär sträichen, a Fonke fléien op de riichte Laangen net méi sou vill, well den Auto vill méi héich läit, wann d’Flilleken aklappen. D’Limitatioun vun der Héicht iwwer dem Buedem läit elo Ausgangs vun de séierste Kéieren.