
D’Gestioun vun der Energie kritt 2026 e wesentlech méi groussen Afloss op d’Gesamtleeschtung vum Auto. Well de Verbrennungsmotor däitlech manner Leeschtung liwwert (ronn 400 kW am Verglach zu bal 775 kW am Joer 2025 (Bensinn-Erklärungen), ginn déi 350 kW elektresch Leeschtung proportionell vill méi wichteg.
2025 duerft eng Écurie 4 Megajoule (MJ) pro Ronn mat der MGU-K (Elektromotor) späicheren an erëm ofginn. Elo däerfen 8,5 MJ elektresch genotzt ginn. Well d’MGU-K awer bal dräimol esou staark ass, gëtt d’Energie och ronn dräimol méi séier verbraucht.
Realistesch gesinn, brauch een op de meeschte Circuiten 10–15 MJ, fir den Elektromotor iwwer eng ganz Ronn kontinuéierlech mat 350 kW lafen ze loossen. Et ass also séier kloer, datt net genuch Energie zur Verfügung steet, fir d’MGU-K permanent op voller Leeschtung ze bedreiwen. De Fokus läit dofir drop, d’Energie geziilt anzedeelen, fir d’Ronnenzäit ze optimiséieren.
D’FIA definéiert, wou „Vollgas“ gefuer gëtt (Straight Mode - Chassis-Erklärungen) a wou net (Corner Mode). Fir all Vollgas-Passage däerf en Team selwer bestëmmen, wéi vill elektresch Leeschtung et beim Ausgang vun der Kéier notzt a fir wéi laang.
Sou optimiséieren d’Ecurien, wéi se hiren elektreschen Energie-Budget am effizientsten asetzen. Am Géigesaz zu fréier ass d’Leeschtung net méi fix bei 120 kW, mee ka fir all Riicht individuell tëscht 200 kW an 350 kW definéiert ginn a weiderhinn an der Dauer variéieren.
Beim Drossele vun der MGU-K musse verschidde Sécherheetsreegele respektéiert ginn.
Wann d’Leeschtung zeréckgefuer gëtt, zum Beispill well soss d’Batterie eidel géif ginn, däerf dat net ze séier geschéien, fir en Auto hannendrun net ze iwwerraschen. Konkret däerf d’Leeschtung net méi séier wéi mat 100 kW pro Sekonn reduzéiert ginn. Op Strecke mat vill Vollgasundeel (z. B. Monza oder Spa) sinn et souguer nëmme 50 kW pro Sekonn.
Zousätzlech däerf d’Leeschtung bis zur nächster FIA-Vollgas-Passage net méi eropgoen — ausser de Pilot aktivéiert de Boost-Knäppchen (op deen ech zeréckkommen).
An extrem séiere Passagen (z. B. Copse zu Silverstone, 130R zu Suzuka oder Eau Rouge zu Spa) kann dat problematesch ginn. Geet de Pilot do nëmme liicht vum Gas, entsteet e schwieregt Gläichgewiicht:
- Ze wéineg vum Gas: d’FIA-Elektronik erkennt nach ëmmer déi selwecht Riicht, an d’Leeschtung däerf net méi eropgesat ginn.
- Ze vill vum Gas: ze wéineg Vitess beim Ausgang vun der Kéier, wat Zäit kascht oder eng Attack vun hannen erméiglecht.
- Overtake Mode
Wann en Auto manner wéi 1 Sekonn hannert dem Virgänger läit, kritt en den Overtake-Modus. Dëst ass 2026 den elektresche Pendant zum fréieren DRS. Den Auto däerf dann 0,5 MJ méi Energie pro Ronn spueren an dës op der Riichter fir eng Attack notzen. De Modus gëtt vollautomatesch aktivéiert — de Pilot muss näischt maachen.
- Boost Mode
Hei decidéiert de Pilot selwer, e Knäppchen um Volant ze drécken, fir kuerzfristeg méi elektresch Leeschtung ze kréien.
Am normale Betrib gëtt d’MGU-K ab 290 km/h zeréckgereegelt. Mam Boost-Modus geschitt dat eréischt bei 345 km/h, mat engem definitive Schluss bei 355 km/h. Dat bréngt e ferme Leeschtungsplus op Käschte vum Energieverbrauch an domat vum Risiko am Energie-Management.
Déi vill Méiglechkeeten, Energie auszeginn, mussen natierlech duerch Energie-Réckgewënnung (Recupératioun) ausgeglach ginn. Den éischte Problem: Op ville Circuite geet Bremsenergie eleng net duer, fir déi 8,5 MJ ze recuperéieren. 2025 konnt d’MGU-H nach hëllefen — dës Optioun fält 2026 ewech.
Am Normalfall gëtt et awer eng zousätzlech Energiequell: Soulaang de Pilot net Vollgas verlaangt, kann de Verbrenner mat voller Leeschtung lafen, wärend d’MGU-K dogéint schafft (wéi en Dynamo) an Energie zeréckgewënnt.
Beim sougenannte Superclipping gëtt um Enn vun enger Riichter d’MGU-K gezielt géint de Verbrenner agesat — mat bis zu 250 kW — fir Energie ze recuperéieren. Dat bremst den Auto zwar of, mee de Verloscht um Enn vun der Riichter ka sech lounen, wann dono méi elektresch Leeschtung ausgangs der nächster Kéier zur Verfügung steet.
Aktuell gëtt vill experimentéiert, ob et besser ass:
- mat Vollgas ze fueren a mat bis zu 250 kW am Straight Line Modus ze recuperéieren, oder
- Lift and Coast (LiCo) ze maachen, wou bis zu 350 kW Recuperatioun méiglech sinn, mee d’Flilleken am Corner Modus stinn an d’Vitess méi séier fält, woumat manner Bremszäit am ganze bleift.
Hei mussen d’Strateegen ofweien tëscht:
- Vitessverloscht
- Loftwidderstand
- Bensinnverbrauch an domadder verbonnent Gewiicht
- Temperaturen (Bremsen, Pneuen, Power-Unit)
Esouguer am Quali kann et sech aus Energiesiicht lounen, LiCo um Enn vun der Riichter ze maachen, wat kee Pilot fir normal hält a fir weider Diskussioune suergt. D’Ecurien hätten dofir gären en 350kW Superclip, deen d’FIA de Moment analyséiert.
Corner Clipping
Eng méi subtil Variant ass Corner Clipping a séiere Kéieren (z. B. T9 Barcelona, Copse Silverstone, Pouhon Spa oder T12 Bahrain). Hei kann d’MGU-K an der Kéier géint de Verbrenner schaffen an Energie recuperéieren. Dobäi muss awer d’100-kW-pro-Sekonn-Reegel beim Drosselen agehale ginn.
Et kënnen domat Situatiounen entstoen, wou z. B. d’MGU-K folgend Leeschtung weist:
- no 1 s → 100 kW
- no 2 s → 0 kW
- no 3 s → −100 kW (Recuperatioun)
- no 4 s → −200 kW
- … bis −250 kW (FIA-Limit bei Vollgas)
Dat bedeit: E 400-kW-Verbrenner kann effektiv nëmme ronn 150 kW fir d’Beschleunegung iwwreg hunn. Dat erkläert, firwat verschidde Pilote bemierkt hunn, datt d’Autoen an esou Passagen iwwerraschend lues kënne sinn.
Déi 8,5 MJ Recuperatioun pro Ronn ginn effektiv als Zilwäert vum Computer behandelt.
- Ze fréi erreecht: d’MGU-K däerf net méi géint de Verbrenner bremsen → de Pilot spiert dat vollt Turbolach.
- Ze spéit erreecht: ongenotzt Potenzial → direkten Zäitverloscht.
Wann een dann nach Pneudegradatioun, kleng Fuerfeeler, Boxestopps, Dueller an zousätzlech manuell Energieasätz (Boost-Mode) dobäirechent, gëtt kloer:
Den Energie-Management 2026 ass net méi nëmme Spueren oder Ausginn — et ass eng Fro vun extrem präzisem Timing.