
Technesch gesi sinn d’Reegelen zum Brennstoff relativ kuerz formuléiert: Et däerfen 3.000 MJ/h Energie duerch de Motor goen, an de Brennstoff muss am Aklang mat der EU “RED” Direktiv nohalteg sinn. Kléngt einfach, oder?
Loosst eis déi Punkten e bëssen auserneenhuelen, ugefaange bei “nohalteg”. De Brennstoff-Partner vun der F1-Ecurie muss dofir suergen, datt säi Produkt:
Den Audit vun all dëse Konditiounen a virun allem vun der kompletter Liwwerketten ass och dat, wat zu Retarde bei der Homologatioun gefouert huet.
Fir dat richteg anzeschätzen, musse mir kuerz op 2025 zeréckblécken. Do louch d’Limitt vum maximalen Duerchfloss bei 100 kg/h. Pompelbensinn huet eng Energiedicht vu ronn 43 MJ/kg, also sinn deemools ongeféier 4.300 MJ/h duerch d’Injecteure gaangen. Mat den neie Reegele sinn et maximal 3.000 MJ/h — also knapp 30 % manner Energie.
3.000 MJ/h entspriechen ëmgerechent 833 kW (1117 PS). Wichteg: Déi knapp 1100 Päerd kommen net hannen aus dem Motor eraus. E Verbrenner erreecht am beschte Fall e Wierkungsgrad vu 45–50 %. Dat heescht, um Enn ginn ongeféier 500–560 PS u mechanescher Leeschtung erwaart.
Verbesserungen an dësem Beräich sinn entscheedend, net nëmme fir d’Performance um Circuit, mee och well se sech relativ séier op Stroossenautoen iwwerdroe loossen. (D’Fro, ob de Verbrenner eng Zukunftstechnologie bleift, loosse mir hei bewosst op der Säit.) D’FIA behält sech awer d’Recht vir, bei ze groussen Differenzen tëscht de Motoren zousätzlech Updates zouzeloossen, fir d’Feld erëm méi no zesummenzebréngen “am Accord mat de Motoristen”, déi natierlech ëmmer eng Majoritéit fannen, wann een däitlech hanne läit.
Eng weider wichteg Komponent: Et ass net virgeschriwwen, ob de Brennstoff op Alkoholbasis (z.B. Ethanol oder Methanol — denkt un E10 & Co.) oder op klassescher Fossil-Basis opbaue muss.
An deem Kontext ass wichteg ze verstoen:
An anere Wierder: Setzen ech op Bioethanol fir e bessere Wierkungsgrad ze kréien, muss ech ronn 110 kg/h duerch d’Injecteure sprëtzen, fir op meng 3.000 MJ/h ze kommen an ech muss entspriechend vill méi Brennstoffgewiicht am Tank mathuelen (d’Tankkapazitéit ass net méi fix virgeschriwwen).
Alternativ kann ech op méi klassesch, syntheetesch Bensinner setzen. Déi si méi schwéier nohalteg hierzestellen a manner effizient, sinn awer méi energiedicht. Dat erlaabt e méi kompakte Gesamt-Brennstoffsystem (Tank, Pompelen, Injecteuren, Leitungen, asw.).
Dës fundamental Entscheedungen si laang virun der Saison 2026 gefall — a genee hei läit och nach ëmmer enormt Differenzéierungspotenzial tëscht de Motoristen a wéineg Marge fir d’Richtung ze wiesselen, wann een sech geiert huet.