Souwuel déi Biisser ewéi och déi Stroossener haten en Donneschdegowend an der Conference-League-Qualifikatioun eng Herkulesaufgab virun der Broscht. Dëst well se allebéid eng héich Hypothéik aus dem Allersmatch matzeschleefen haten. Esou haten déi Biisser den Allersmatch géint den ungaresche Champion Györ FC doheem am Stade de Luxembourg mat 2:6 verluer an och déi Stroossener si mat enger fatzeger Defaite an den zweeten Tour vun der Quali gestart. Si hu sech missen zu Belgrad mat 0:4 géint Partizan Belgrad geschloe ginn.
Biissen huet sech am Réckmatch géint ETO FC Györ en 1:1-Remis erkämpft. De Ferber hat d'Atert-Ekipp an der éischter Hallschent a Féierung bruecht, ier de Krpić fir d'Ungaren an der zweeter ausgeglach huet. Wéinst dem 2:6 aus dem Allersmatch flitt Biissen awer um Enn mat engem Gesamtscore vun 3:7 aus der Conference-League-Qualifikatioun eraus.
Och d’UNA Stroossen gouf en Donneschdeg aus der Conference-League-Qualifikatioun eliminéiert. Am Réckmatch géint Partizan Belgrad hunn déi Stroossener trotz engem engagéierten Optrëtt an e puer grousse Chancen mat 0:1 verluer. De Kostić huet an der 48. Minutt den eenzege Gol vum Match markéiert. No der 0:4-Defaite am Allersmatch scheet d’UNA mat engem Gesamtscore vun 0:5 aus.
0:1 Kostić (48‘)
D'Spectateuren am Stade de Luxembourg krute vu béide Formatiounen eng verhalen Ufanksphas gebueden. Béid Formatiounen hu sech schwéiergedoen am Spill no vir an hu sech deementspriechend wéineg Golchancen erausgespillt. Et waren awer déi Stroossener déi besser am Match waren an och méi fir e méigleche Gol gemaach hunn. Esou konnten d'Stroossener op d'mannst e puer Mol am Belgrader Strofraum opdauchen. Esou de Perez an der 6. Minutt, allerdéngs konnt dem Fransous säi Schoss am Strofraum vun engem serbesche Spiller blockéiert ginn. Déi nächst Occasioun ass och op de Kont vum Stroossener Stiermer gaangen. Eng Flank ass vun der lénker Säit an de Strofraum geflunn, wou e Belgrader Spiller de Ball ënnerlaf huet, soudatt dat ronnt Lieder beim Perez gelant ass, deen de Ball direkt geholl, mä iwwert de Gol gesat huet. No dëser Chance haten déi Stroossener eng gutt Phas an hunn d'Serbe gutt ënner Drock gesat. An der 17. Minutt ass den Natami u Mann a Maus laanscht gaange souwéi an de Strofraum gezunn. Do ass dësen no engem Kontakt mat engem géigneresche Spiller gefall, mä dëse Kontakt ass fir den Arbitter net duergaangen, soudatt dësen de Stroossener keen Eelefmeter accordéiert huet.
No dëser Aktioun huet sech dunn awer näischt méi viru béide Goler gedoen. Just an der 37. Minutt ass et nach eng Kéier geféierlech ginn. Dëst well d'Serben no engem Gewurschtels am Strofraum de Ball net kläre konnten a si dobäi bal en Eegegol markéiert haten. Partizan selwer ass an der éischter Hallschent net eng Kéier geféierlech virum Stroossener Gol opgedaucht. Dëst well déi Stroossener kompakt stoungen, mä och well de Serben am leschten Drëttel déi néideg Prezisioun gefeelt huet. Just an der 42. Minutt sollten d'Serben eng Kéier am Strofraum vum Özcan opdauchen an dëst no engem Fräistouss. Um Enn ass de Ball souguer am Filet vum Stroossener Golkipp gelant, mä gefreet huet sech keen am Stadion, dëst well den Arbitter scho virdrun op Abseits decidéiert an d'Situatioun domadder ofgepaff hat. Deemno sollt keng Formatioun an der éischter Hallschent e Gol markéieren, soudatt et mat engem 0:0 op den Téi gaangen ass.
No der Paus hunn d'Serben dunn direkt ënner Beweis gestallt, datt si Profie sinn. No enger séierer Kombinatioun an der 48. Minutt ass de Ball beim Petrović gelant, deen de Ball an de Réckraum gespillt huet, wou de Kostić onbedrängt un de Ball komm ass. De serbesche Spiller huet de Ball aus gutt fënnef Meter direkt geholl an dem Özcan am Stroossener Gol keng Chance gelooss an de Score op 1:0 gestallt. Deemno waren d'Gäscht mam éischte Schoss op de Gol direkt mat 1:0 a Féierung. Dës äiskal Dusch huet déi Stroossener aus dem Konzept bruecht, wouduerch Belgrad ëmmer besser an de Match fonnt huet. Allerdéngs konnten d'Serben aus der Schwächephas vu Stroossen kee weidert Kapital schloen, soudatt Stroossen sech nei opstellen an nees besser an de Match fanne konnt.
Vun der 65. Minutt un, hunn déi Stroossener dunn nees den Toun uginn a sech eng sëllege Chancen erausgespillt. Bannent gutt 10 Minutte sollten déi Stroossener dräi honnertprozenteg Chancen um Fouss, respektiv um Kapp léien hunn. Mä weder den De Souza an der 66. Minutt, nach den Natami an der 67. souwéi de Gueye an der 73. konnten de Krunić mat hire Schëss aus kierzter Distanz bezwéngen. Mä och den Özcan am Stroossener Gol konnt säi Kënnen an der zweeter Hallschent nach eng Kéier ënner Beweis stellen. Dëst an der 70. Minutt, wou Belgrad iwwert de Seck e Konter gelaf ass. Um Enn ass de Ball beim Ninić gelant, deen eleng a Richtung Gol gelaf ass, mä am 1-géint-1 mam Özcan de Kierzere gezunn huet. De Stroossener sollt hei de längeren Otem hunn an de Ball kläre kënnen, soudatt et beim 0:1 bliwwen ass. Un dësem Resultat sollt sech och an der Schlussphas vum Match näischt méi änneren, soudatt sech d'UNA vu Stroossen no 90 Minutte mat 0:1 géint Partizan muss geschloe ginn an domadder, op déi zwee Matcher gekuckt, mat 0:5 rausflitt.
0:1 Ferber (28'), 1:1 Krpić (76')
Am Réckmatch géint den FC Györ hunn déi Biisser an der éischter Hallschent Moral gewisen an hu monter opgespillt. D'Atert-Ekipp ass couragéiert an de Match komm an huet sech net nëmmen op hir Defense fokusséiert, mä huet och probéiert, sech ëmmer nees selwer Golchancen erauszespillen. Esou hat de Zeghdane sech an der Ufanksphas vum Match en Häerz gefaasst an huet aus der Distanz ofgezunn, mä säi Schoss konnt a leschter Sekonn vun engem ungareschen Defenseur blockéiert ginn. Kuerz drop sinn dann och den Eddarraj an de Ferber zu Ofschlëss komm, mä allebéid konnte se de Ball net am géigneresche Gol ënnerbréngen. An der 28. Minutt konnte sech déi Biisser du fir hire couragéierten Optrëtt belounen: No enger gudder Viraarbecht vum Zeghdane huet de Roman Ferber de Ball am Gol ënnerbruecht an d'Biisser mat 1:0 a Féierung bruecht. Domadder war déi kleng Biisser-Hoffnung op eng méiglech Sensatioun nees opgeflaamt.
Mä kuerz drop sollt dës Biisser-Hoffnung e fermen Dämpfer kréien. Nëmmen dräi Minutten nom Gol huet de Zeghdane, dee bis dohin e ganz gudde Match gemaach hat, no engem Foul um Njie déi rout Kaart gesinn, soudatt déi Biisser Ekipp de Rescht vum Match zu Zéngt huet misse weiderspillen. Trotzdeem hunn déi Biisser bis zur Paus gutt dogéint gehalen an duerch den Abi an den Eddarraj nach weider Golchancë gehat. Vun deene sollt awer keng hire Wee an de Gol fannen, soudatt déi Biisser just mat enger 1:0-Avance op den Téi gaange sinn a si weider dräi Goler gebraucht hunn, fir an d'Verlängerung ze kommen.
Nom Säitewiessel ass et fir déi Biisser, déi jo schonns zanter der 31. Minutt an Ënnerzuel gespillt hunn, ëmmer méi schwéier ginn. Györ huet méi a méi Drock opgebaut an hat an der 50. Minutt déi grouss Chance op den Ausgläich, nodeems den Arbitter den Ungaren en Eelefmeter accordéiert huet. Mä den Đukanović huet dësen net am Gol ënnerbruecht. Domadder ass Biissen, trotz engem Mann manner, weider mat 1:0 vir bliwwen. D'Atert-Ekipp huet sech awer net nëmmen hannen dra gestallt, mä huet selwer ëmmer nees probéiert, fir offensiv Akzenter ze setzen. Esou koum ënner anerem den Abi no engem Corner nach zu engem Ofschloss, mä dësen hat net déi néideg Reussite. Am weidere Verlaf vum Match huet sech d'Ënnerzuel ëmmer méi bemierkbar gemaach, an d'Ungaren hunn de Match méi a méi an d'Hallschent vun de Biisser verluecht.
An der 76. Minutt huet sech dëst du bezuelt gemaach: De Miljan Krpić huet fir Györ den 1:1 markéiert an domadder war den Dram vun Europa fir déi Biisser endgülteg ausgedreemt. Biissen huet sech zwar bis zum Schluss gewiert an de Remis iwwer d'Zäit bruecht, mä um Enn war d'Hypothéik aus dem Allersmatch ze héich, soudatt si der europäescher Bün no Aller/Retour Äddi soen a si sech am Ganze mat 3:7 géint Györ FC musse geschloe ginn.