
Esou Statistike si jo bekanntlech do fir gebrach ze ginn. Domat ufänke wëlle Jans, Barreiro a Co. e Samschdeg ëm 18:00 Auer auswäerts zu Plovdiv a Bulgarien. Bis ewell goufen et 17 Dueller mat de Bulgaren, déi sech 14 Mol duerchsetze konnten. Donieft goufen et dräi Remisen. Déi lescht Konfrontatioune mat Bulgarien ginn zwee Joer zeréck. Am Stade de Luxembourg hat sech d'Ekipp vum deemolegen Nationaltrainer Luc Holtz an der Nations League 0:1 misse geschloe ginn. E Mount virdru gouf et en 0:0-Remis zu Plovdiv.
En Dënschdeg spillt d'FLF-Selektioun dann hiren éischten Heem-Match. Ëm 20:45 Auer ass Island am Stade de Luxembourg op Besuch. Bei der leschter Partie tëscht deene béiden Ekippe gouf et 2023 an der remarkabeler EM-Qualifikatioun en 1:1-Remis auswäerts zu Reykjavik. De Lëtzebuerger Gol hat den Gerson Rodrigues geschoss. E Mount virdru konnte sech d'Rout Léiwen duerch Goler vum Maxime Chanot, dem Yvandro Borges an dem Danel Sinani 3:1 heiheem behaapten. Et ass och bis ewell déi eenzeg Lëtzebuerger Victoire géint Island. Donieft goufen et 4 Defaiten a 4 Remisen.
Estland ass e Géigner, géint dee Lëtzebuerg schonn eng Zäitchen net méi gespillt huet. A wann, dann net dacks. An der WM-Qualifikatioun am Joer 2005 hat d'Ekipp vum deemolegen Nationaltrainer Guy Hellers 0:2 am Stade Josy Barthel géint d'Este verluer. Et war ee vu sengen éischte Matcher un der Säitelinn. An der selwechter Campagne gouf et eng 0:4-Defaite auswäerts. Fir den Allan Simonsen dogéint war et ee vun de leschte Matcher op der Lëtzebuerger Trainerbänk. Um Terrain stoung ënner anerem den aktuellen Nationaltrainer Jeff Strasser. Komplettéiert gëtt d'Bilanz géint Estland vun engem 1:1-Remis an engem Frëndschaftsmatch am Joer 2000. De Lëtzebuerger Gol hat deemools de Jean Vanek markéiert.