Lëtzebuerger FuttballnationalekippSeid Korac fält mat enger Blessur un de Kräizbänner länger aus

Jeff Kettenmeyer
Sam Rickal
De Lëtzebuerger Nationalspiller wäert fir déi komplett Nations League-Campagne feelen. De 24 Joer alen Defenseur muss operéiert ginn.
De Seid Korac muss blesséiert fortfait erklären.
© Gerry Schmit / sportspress

Batter Gewëssheet fir de Seid Korac an d‘FLF-Formatioun. Den 23-fache Lëtzebuerger Nationalspiller wäert fir déi komplett Nations League feelen. Hien huet sech de Weekend am italieeneschen Championnat un de Kräizbänner blesséiert an muss operéiert ginn. Dat huet säi Veräin Hellas Verona e Méindeg den Owend confirméiert.

No ënner anerem dem Christopher Martins an dem Yvandro Borges feelt dem Jeff Strasser domadder e weider Pilier aus deene leschte Joren. Onkloer ass aktuell och nach den Fitness-Zoustand vum Mathias Olesen an dem Enzo Dos Santos, déi allebéid réischt rezent aus enger Blessur zeréck koumen. Den Eldin Dzogovic gouf e Méindeg nonominéiert.

D'Rout Léiwe spillen hiren éischte Match vun der Nations League e Samschdeg um 18:00 Auer auswäerts a Bulgarien.

Back to Top
CIM LOGO